Eng kloer Linn fir d’Zukunft.

Den Donneschdeg koum den neien Comité zesummen fir Zukunft vun eisem Syndikat op déi nächst Méint an Joren virzebereeden.

Dëst huet mat sech bruecht dat een en Réckbleck op di lescht 9 Méint huet missen maachen. Et war séier kloer ginn wei sech den Comité misst opstellen fir déi nei Defien ze packen.

Mir haten bis elo ëmmer eng kloer Linn, an genau déi wäerten mir bäibehalen. Dëst bréngt mat sech dat mir weiderhin vill schaffen mussen an mir eis Spëtzt verstäerken mussen.

Den Presidenten-Posten gëtt sou ënnerstëtzt vum Daniel Horsmans. Als meescht gewielten vun eisen Memberen huet hien den Posten vum Vize-President zesummen mam Magi Malvina iwwerholl. Si wäerten an Zukunft eisen President, den Bob Jungers staark ënnerstëtzen. Eng Aufgab déi ëmmer méi Verantwortung mat sech bréngt, an Onermiddlechkeet fuerdert.

D’Sekretariat wäert weider an den Hänn vum Christian Dimmer bleiwen an fir d‘ Keess bléift den Claude Schumacher weider an der Verantwortung. Eis Ëffentlechkeetsaarbecht vis à vis vun den Memberen an den Internetsite gëtt vum Fränz Speltz weider ausgebaut. Ab Haut ass et dann och méiglech sech online an eis Newsletter anzeschreiwen.

Eis Aufgaben wäerten intern méi verdeelt ginn an eis Aarbechtsofleef optiméiert ginn fir dem President eng Réi Aarbechten vun den Schëlleren ze huelen.

Fir den Comité ass eppes kloer : Mir sinn motivéiert an mir sinn prett fir eis Memberen am SNPPL.

Merci fir är Ënnerstëtzung