Feiermelder 2019/03

Den 27.05 hate mir eng Entrevue mam Minister vun der Fonction Publique Marc Hansen, dëst wor déi éischt Gelegenheet ons Fuerderungen un d’Politik zum Ausdrock ze bréngen

CET – Mateneen schwetzen net iwwerdeneen

Déi Punkten déi haut am Gesetz stinn, stoungen och schonn fréier a Reglementer vun der Fonction Publique, weder de Ministère de la Fonction Publique nach ons Direktioun wëllen den aktuellen System ofschafen, mir wäerten weider mat deenen politeschen Responsabelen schwätzen fir séier eng Léisung ze fannen, éier den Drock an der Ëffentlechkeet des zum handelen zwéngt. Enner anerem hu mir zesummen mat der CGFP eng Entrevue bei der Innenministech Taina Bofferding ugefrot.

Eng kloer Fuerderung!

Schichtaarbecht muss berécksiichtegt ginn!

Wien 20 Joer Schicht schafft kann 3 Joer virun senger Pensioun an d’Prepensioun, des Reegelung ass bei der Reform vun der Fonction Publique leider net iwwerholl ginn, zesummen mat der CGFP wäerte mir ons asetzen, dass dëst erëm an de Statut vum Fonctionnaire offléisst.

Eng Opwäertung ouni Wäert?

D’Schafen vun der neier Carrière vum Beruffspompjee sollt och eng Opwäertung vun onser Lafbunn ginn. Leider bréngt des Opwäertung deene Kollegen, déi méi wéi 10 Joer laang schaffen, guer näischt.

Dofir ënnerstëtze mir d’FGEC (Fédération Générale des Expéditionnaires et chargés techniques), an hirer Fuerderung fir d’C-Carrière opzewäerten.

Verloscht duerch Limitten

De Cadre moyen beim CGDIS ass op 12% vum Gesamtpersonal limitéiert, dës Limitt muss méi héich gesat ginn fir, dass de CGDIS net seng Kandidaten un aner Administratiounen mat besseren Carrièresperspektiven verléiert.

Beruffserfarung bedeit och Beruffserfarung

Mir setzen ons an fir, dass et kloer, objektiv a fair Critère ginn wann responsabel Posten ausgeschriwwe ginn. Heizou gehéiert, dass Leit déi wëllen e „Changement de Carrière“ maachen, 10 Joer Beruffserfarung brauchen. Leit déi rezent an d’Carrière vum Beruffspompjee gewiesselt sinn, a virdrun schonn am Rettungsdéngscht geschafft hunn mussen och déi Zäit an der si an engem aneren Statut täteg waren unerkannt kréien.

Eng besser Zukunft fir d’Gewerkschaft

Mir ënnerstëtzen d’CGFP an hire Beméiungen d’“Représentation du Personnel“ esou ze reegelen, dass an Zukunft nach méi eng effikass Gewerkschaftsaarbecht méiglech ass.