Feiermelder 2018/01

Et ass esouwäit, wéi versprach si mir zanter Ufank August prett fir nei Memberen op ze huelen.
Wëlls och du Member ginn, dat ass keng Affär, fëll einfach d’Fiche d’adhésion aus déi’s du op onsem Depliant fënns a looss ons se zou kommen:

per Post: SNPPL
50,rte d’Arlon
L-1140 Luxembourg -per E-Mail: info@snppl.lu

oder gëff engem vun onsen Comitésmemberen perséinlech deng Demande of.
Du kanns och op onsen Internetsite www.snppl.lu goen, hei kanns du eng PDF-
Versioun eroflueden a fënns och all weider Informatiounen.

Mir sinn houfreg Iech ons Presenz op der Journée Nationale des Secours den 30.
September zu Réiser un ze kënnegen, a mir plangen fir Enn Oktober eng gréisser
Informatiounsversammlung (hei zou spéider méi).
Mir freeën ons op dës zwee Rendez-Vousen déi ons d’Méiglechkeet ginn en direkten
Austausch mat enger ganzer Partie Leit ze hunn an ons Liensen um Terrain weider
aus ze bauen.

Zesumme gi mir d’Saach un
Äre Comité