Feiermelder 2019/02

Promotiounsexamen. Dëst Joër!

Mir hunn deemnächst eng Entrevue mat eiser Direktioun an hunn do virun allem 2 gréisser Themen an der Täsch. Mir sinn vun villen Memberen gefrot ginn wéini dann déi éischt Promotiounsexamen sinn, a wäerten nach emol drop hiweisen dat et gesetzlech virgesinn ass nach dëst Joer een Promotiounsexamen ofzehalen.

Och zum Thema Graden krute mir vill Feedback de mir esou wäerte weiderginn. Een weider grousst Thema awer ass den CET.

CET, keng einfach Ge“Schicht“

Den Schichtensystem gouf ganz einfach vergiess. D’Gesetz vum CET muss onbedéngt nogebessert ginn. Eng kloer Strategie wäerten mir an Zukunft mat eisem Mammenhaus hunn. Vill Beruffspompjee aus dem Land schaffen, oder géifen gären, wéi den Rescht vun der Welt, op dem 12 Stonnen-System schaffen. Leider gesäit dat neit Gesetz dëst net fir. Grad grouss CIS’en an den 112 mussen kënnen op dësen System zeréckgräifen fir den Schichtwiessel optimal gestalten ze kënnen.

Knapps fort a scho vergiess?

2017 am September hätten eng Partie Kollegen vun der Stad Lëtzebuerg eng Promotioun ze gutt gehat déi si eréischt Méint duerno kritt hunn.

De Personalbüro vun der Stad Lëtzebuerg wëll heivun näischt méi wëssen. Op eng direkt Ufro krute mir keng Äntwert an op Nofro vun der Delegatioun heescht et, eis géing en net empfänken schliisslech wier elo de CGDIS onse Patron.

Sou einfach loosse mir ons net ofspeisen an mir hunn och net vergiess, dass genau dësen Personalbüro eisen Léit nach am Februar Suen zereck gefroot huet.

Op héijem Niveau

Eng Entrevue beim Minister vun der fonction public, wäert eis den 17.Mee d’Méiglechkeet ginn ons Fuerderungen un d’Politik ze formuléieren. Mir wäerten do staark vertrueden an mat enger klorer Agenda virstelleg ginn. Detailer heizou wäert dir an den nächste Wochen hei kënnen noliesen.

Een oppent Ouer wäerten mir och weider hunn fir eisen Memberen gerecht ze ginn.

Mellt iech op info@snppl.lu