Féiermelder 2019/06

Wann d’Grades fonctionnels eppes erreecht hunn, dann hunn se eis Léit anstatt zesummen ze bréngen auserneen gedréckt.

Mir hunn enorm fréi mat schrëftlechen Fuerderungen dorops opmierksam gemaach an hunn missen weider feststellen, dass d’Onzefriddenheet duerch Informatiounsmangel staark geklommen ass. Och d’Kolleegen vum Findel an aus dem CISLux hunn un de Comité Directeur geschriwwen. Um Findel sinn luewenswäerter Weis Upassunge virgeholl ginn, dës sinn awer néirens schrëftlech erfaasst ginn.

No enger Entrevue op der Direktioun zesummen mat Kollegen vum CISLux kruten mir eng Mesure transitoire säitens der Direktioun virgeluecht. Dës Schrëftstéck huet eis Fuerderungen verpasst an mir hunn eisen Avis dozou ofginn. Laut Äntwert säitens der Direktioun op dësen Avis konnten mir hei leider keen Entgéintkommen feststellen.
Op d‘Beschréiwung vun den verschiddenen Kaderen (base, moyen an superieur) am Organigramm sinn mir awer elo gespaant. Spéitstens hei wäert d’Glafwierdegkeet vum Grades fonctionnels kloer gin.

Wat d‘ Notes de Service betreffend CET an Interflex ugeet, sou huet sech eis Beharrlechkeet bezuelt gemaach a mir fannen e Groussdeel vun eisen Fuerderungen am Dokument erëm.

Nieft méi Transparenz gëtt et hei och konkret Verbesserungen fir d’Agenten vum CGDIS:

  •  Obligatoresch Versammlungen just wärend de Bürosstonnen
  • d’Méiglechkeet weiderhin ënnerteneen kënne seng Schichten ze tauschen
  • d’Méiglechkeet 4 Deeg Congé op den CET kënnen ze setzen fir d’Memberen vum CISLux

Hei dréit eng konstruktiv Zesummenaarbecht mat der Personaldirektioun hier Friichten.

Sou stellen mir eis Gewerkschasftsaarbecht fir!