Feiermelder 2020/04

Zanter iwwert engem Joer 

probéiere mir zesummen mat eisem Daachverband der CGFP an de Responsabelen vum CGDIS en Accord sectoriel zur Aarbechtszäitregelung ze treffen, sou wéi et och an aneren Verwaltungen scho geschitt ass.
 
Am Mee 2019 huet d’CGFP eng éischt Demande d’Entrevue an dem Sënn un d’Innenministesch Taina Bofferding geschéckt.

 
Et huet bis de 17. September gedauert éier no diversen Rappelen an engem Pressecommuniqué säitens der CGFP dës Entrevue, mat der Innenministesch, dem President vum Verwaltungsrot an dem Directeur administatif et financier, Vertrieder vun der CGFP an dem SNPPL, zu stane koum.

Am Laf vun dësem Treffen hu mir eis Revendicatiounen presentéiert an déi Responsabel vum CGDIS hun sech engagéiert de Personalvertrieder bis Enn Oktober e Projet d’accord ze présentéieren, op Basis vun dem eng nächst Verhandlungsronn stattfanne sollt.
 
Am März 2020 hätt et dunn no diversen Rappelen säitens der CGFP endlech sollen zu enger zweeter Entrevue kommen, dës ass leider duerch d‘Situatioun rondrëm de COVID19 ausgefall. En Projet fir den Accord loung och zu dësem Moment nach net fir.

Trotz etleche Rappeler säitens dem Syndikat an nodeems och
am Juni 2020 nach ëmmer kee Projet fir loung, huet de Comité Exécutif vun der CGFP, Vertrieder vum SNPPL invitéiert fir iwwert déi weider Virgehensweis am Dossier ze schwetzen. 

Nodeems mir an dësem Dossier méi wéi aacht Méint vertréischt gi sinn, woren sech de Comité Exécutif an d’Vertrieder vum SNPPL eens, dass en hei en nächste Schrëtt muss maachen, an esou ass Décisioun gefall fir eng Procédure de Conciliation ze annoncéieren.
 
Mir fannen et schued, dass et esou wäit huet misse kommen, virun allem well mir eis  an enger Partie Punkten schon mat der Direktioun eens sinn.

Eist Zil wäert et weiderhinn bleiwen dësen Accord zu stanen ze bréngen, an dem entpriechend wäerte souwuel d’CGFP wéi mir och weider fir Gespréicher zur Verfügung stoen.