Feiermelder 2022/03
Kuerz virun der Summervakanz hu mir eis fir e reegelméissegen Austausch mat dem Comité Directeur gesinn den Ordre du Jour wor nawell gutt gefëllt, hei géinge mir gären verschidde Punkten méi genee beliichten.
Eng vun eisen Haaptsuergen ass am Moment de Recrutement, och mat méi engem einfache Sportstest konnt een hei kee grousse Succès verbuchen, an d’Konkurrenz am Secteur ass momentan grouss.
Dofir ass et enorm wichteg den Job vum Beruffspompjee attraktiv ze halen!
An dem Zesummenhang hu mir och nach emol widderholl, dass et fir eis eng Selbstverständlechkeet ass, dass de Pompjee déi Zäit an der hie sech op säin Déngscht virbereet, als Aarbechtszäit unerkannt kritt, dëst ass duerch international Urteeler confirméiert an gëtt och an anere Verwaltungen sou ëmgesat.
Feiermelder 2022/01
Ënnert der Leedung vum Gilbert Goergen, Vize-President vun der CGFP a President vun der FGEC zu der zënter dem leschte Joer och den SNPPL gehéiert, konnt en Accord zur Harmoniséierung vun den ënneschte Carriéren getraff ginn.
Wat heescht dat elo konkret?
„Feiermelder 2022/01“ weiterlesen
Gutt preparéiert …
Mir sinn iwwerzeegt dovun, dass d’Leit déi an en Examen ginn och d’Recht hunn richteg heirobber preparéiert ze ginn. Duerfir fuerdere mir zanter iwwer zwee Joer, dass virum Promotiounsexamen resp. virum Ustellungsexamen en Legislatiounscours ofgehale gëtt.
Wärend fir d’Promotiounsexamen elo op eisen Drock hin emol en Informatiounsdag organiséiert gouf, huet sech beim Ustellungsexamen nach net vill gedoen, sou dass mir hei weider wäerten nohaken.
Mir géingen dann och gären dene Leit Bonne Chance wënschen déi dës Woch hir Examen schreiwen. Mir erënneren d‘Leit, dass si 16 Stonnen Congé de Préparation ze gutt hunn.
Walresultater vun eiser Generalversammlung
Am Numm vum Comité wollten mir Iech nach emol villmools MERCI soen fir är Presenz op eiser Generalversammlung déi dëst Joer a Form vun enger Live-Iwwerdroung am CIS Diddeleng stattfonnt huet.
Villmools Merci och hei un den Aurélien Ternat, deen eis hei staark zu Hand goung fir dës Iwwerdroung an enger formidabeler Qualitéit ze erméiglechen.
Walresultat
92 gülteg Walziedelen
- Keesebericht: 92 x Jo
- Bäitrëtt FGEC: 88 x Jo
- Comité: 90 x Jo
Hei wëllen mir dem Bob Fischer an Marc Gergen villmools Merci soen fir d’Auszielung vun den Walziedelen.
Mir wëllen hei dem Jill Thiry felicitéieren fir säin Sëtz bei eis am Comité.
Mir sinn frou dech an eisen Reien ze hunn an gesinn deng Memberschaft als eng grouss Plus-Value.
Den Jill ass säit dem 01. Oktober 2015 als Beruffspompjee am CIS Lëtzebuerg aktiv.
Gutt, dat ët dech gëtt !

Mike Möller – Beruffspomjee
Eisen Kandidat fir den operationellen Beräich.
Am Kader vun den Wahlen fir den Vertrieder am Verwaltungsrot vum CGDIS huet sech den Mike Möller fir den operationellen Beräich gemellt.
Hien ass bekannt fir seng integer a sozial Aart a Weis an huet zu all Moment een oppent Ouer fir seng Mataarbechter.
Net nëmmen als Gewerkschaftler, mee och als Beruffspompjee huet den Mike sech an den leschten Joren vill agesat. Seng 21 Joer Beruffserfarung bréngen mat sech dat hien sain Job gutt kennt. Mam Mike als Vertrieder am Verwaltungsrot wier et méiglech och an Zukunft d‘Besoin‘en vun den Beruffspompjeeën hei am Land ze kennen an bei der Spëtzt vum CGDIS virzedroen.
Mir begréissen dem Mike seng Decisioun zousätzlech als staarken Partner an eisem Comité och wëllen den Wee un den Dësch vum CA ze goen. Duerch seng Kompetenz sinn mir sécher een gudden Kandidat fir d‘Wahlen ze hunn.
Och am administrativen an techneschen Beräich gouff een Vertrieder gesicht !!
Mir wäerten do mat all eisen Mëttelen dësen Léit eis
Ënnerstëtzung ubidden.
Eng kloer Linn fir d’Zukunft.
Den Donneschdeg koum den neien Comité zesummen fir Zukunft vun eisem Syndikat op déi nächst Méint an Joren virzebereeden.
weider liesen
Generalversammlung 2019
Eisen Grënnungscomité ass ganz zeréck getrueden esou wei eisen Statut dat firgesäit an bei den Wahlen ass esou een neien Comité gewielt ginn.
weider liesen an Fotoen kucken
Informatiounsversammlung
Den 21.November hat den SNPPL hier eicht Informatiounsversammlung zu Bouneweg am Zentre Kulturell.
Am Fokus stoung d’Virstellung vun eisem Comité an déi domat verbonnen Aarbechten déi bis elo geleescht goufen.
Weiderhin goufen eenzel Aspekter vun verschiddenen Comité-Memberen am Detail erkläert mat ofschléissender Froeronn.
Bei engem gemittlechen Patt konnten eis Memberen dovun profitéieren nach Froen ze diskutéieren an Ideen auszetauschen.
Mir soen all eisen Visiteuren een groussen Merci fir hier Interessi.
Een Merci gëllt och der Gemeng Lëtzebuerg déi eis erméiglecht hunn eis Versammlung an hiren Raimlechkeeten ofzehalen.