Feiermelder 2021/01

Vill vun Iech hunn sech bestëmmt gefreet wéi si  vum INFS d’Invitatioun fir d’Formation Continue dëst Joer kritt hunn, an dëser goufen eis ënner anerem Kaffi a Croissant versprach. Leider konnt den INFS an dësem Fall säi Wuert net halen, well fir déi berufflech Kolleegen keng Verpflegung vir gesinn ass. Dëst ass zwar iergerlech mee mir wäerten et wuel iwwerliewen.

Komplett inakzeptabel ass et awer wann den INFS d’Leit dozou oprifft hiert Stuermgezei an och hir Geräter an hirem privaten Auto mat ze huelen.

Eis ass et op dëser Platz och wichteg mam Mythos op ze raumen, dass beim Verbrennen vu einfachem Holz keng Schuedstoffer entstinn. Bei dësem „proppere“ Feier ginn héich kriibserreegend Stoffer fräigesat.

Mir hunn des Problematik souwuel dem INFS wéi och dem Comité Directeur duer geluecht, a si opgefuerdert hir Responsabilitéit ze huelen an duerfir ze suergen, dass keen Pompjee muss kontaminéiert Material a sengem Privatauto ronderëm féieren.

Hei steet d’Gesondheet vun dene betraffene Leit um Spill an dëst ass en absoluten NoGo.

Accord Salarial

 Den 04.03.2021hunn d’CGFP an de Minister Hansen den Accord salarial ënnerschriwwen, den iwwert d’Joren 2021 an2022 leeft. Et ass e responsabelen Accord, den déi Acquisen déi mir haut hunn ofséchert an den de Fokus op d’Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune leet an esou duerfir suergt, dass och a Krisenzäiten d’Fonction Publique e sécheren an attraktive Secteur bleift.

De ganzen Accord kënnt Dir hei liesen:   https://www.cgfp.lu/actualites/2021/gehalterabkommen-cgfp-schiebt-privatisierungstendenzen-riegel-vor

Preretraite

E Punkt op de mir d’lescht Joer vill ugeschwat gi sinn ass d’Preretraite fir déi Leit déi 20 Joer Schichte schaffen, den Accord gesäit fir, dass hei dëst Joer soll eng Léisung fonnt ginn.

Feiermelder 2020/05

Geschter hunn den Conseil d’Administration vum CGDIS, vertrueden duerch säi President Alain Becker an den SNPPL vertrueden duerch säi President Bob Jungers a säin Generalsekretär  Christian Dimmer, a Presenz vum President vun der CGFP, Romain Wolff an hirem Generalsekretär Steve Heiliger den Accord Sectoriel zum Aménagement du temps de travail ënnerschriwwen.

Dësen Accord ass néideg well d’CET-Gesetz net déi néideg Prezisiounen iwwer Schichtaarbecht enthält.

E ganz wichtege Punkt aus dësem Accord ass den 12-Stonne-System. Dëse gëtt do wou en haut en Vigueur ass bäibehalen, an de CGDIS engagéiert sech zäitno déi legal Grondlag heivir ze liwweren. Ouni sou eng Grondlag ass et absolut ondenkbar, dass de System op weidere Platzen iwwerholl ka ginn. „Feiermelder 2020/05“ weiterlesen

Feiermelder 2020/03

Merci Iech, dass dir eist Mammenhaus d’CGFP esou massiv ënnerstëtzt hutt.

 

 

 

 

 

 

Den SNPPL ass houfreg mam Bob Jungers a Claude Schumacher déi nächst 5 Joer esou 2 Vertrieder an der Chambre des fonctionnaires et employés publics ze hunn.

Dëst ass eng schéi Bestätegung fir eis Aarbecht vun den leschten 2 Joer an erméiglecht eis an Zukunft nach besser Gehéier fir äert Uleies ze fannen.

Duerch eis Interventioun bei der Direktioun konnte mir erreechen, dass fir Leit déi méi wéi annerhallef Woch Congé gefrot hunn an déi desen duerch den Etat de Crise net wéi geplangt kënnen notzen, d’Méiglechkeet besteet en Deel vun hirem Congé op en spéideren Zäitpunkt ze reportéieren.

Eng weider gutt Nooricht gëtt et fir déi Leit déi an en Examen goen sollen, den op Grond vun der aktueller Situatioun verréckelt ass. Hei ass e projet de loi um Instanzenwee, den et erlaabt dëse Leit hir Promotioun retroaktiv op de geplangten Examensdatum un ze rechnen.

Fir d‘ Cotisatioun 2020 hunn mir eng Réi duebel Bezuelungen festgestallt. Eng Partie Léit hunn eng Domiciliatioun an eng Digicash-Iwwerweisung gemaach. Mir huelen eis an den nächsten Deeg deem Dossier un an iwwerweisen iech den Betrag zeréck op ären Kont.

Feiermelder 2020/02

De CGDIS ass een vun den essentiellen Acteuren den an der  aktueller Situatioun weider fonctionéiere muss. Duerfir  intervenéieren mir als Mataarbechter op alle méiglechen Niveauen, déi eng sti visibel an der éischter Rei fir de Leit um Terrain ze hëllefen, anerer këmmeren sech am Hannergrond em d’Koordinatioun, suergen duerfir, dass d’Kolleegen dobaussen mat dem néidegen Material versuergt ginn, kucken no eiser Gesondheet, oder këmmeren sech ënnert erschwéierten Konditiounen dorëm, dass déi Servicer déi mir oft fir selbstverständlech halen weider kënne lafen. Mir alleguer befannen eis momentan an engem permanenten Upassungsprozess. Dëst gëllt net nëmmen op der Aarbecht mee virun allem och am Privatliewen. 

Aus deem Grond een groussen Merci un all d’Léit, aus alle Servicen fir hir Flexibilitéit, hiren Engagement an hir Solidaritéit. Heiduerch haalt Dir net nëmmen de Betrib um Lafen, dir erméiglecht och äre Kolleegen an den aneren Servicen ënnert dene fir dës Situatioun beschtméiglechen Konditiounen weider ze schaffen. 

Mir hunn bei der Direktioun intervenéiert fir verschidden Froen vun eisen Memberen virzedroen. Grad an enger sanitärer Krise ass et ëmsou méi wichteg no dem Wuel vun eisen Léit ze kucken.

Zesummegefaasst sinn puer Punkten déi een wëssen muss:
„Feiermelder 2020/02“ weiterlesen

Generalversammlung ass oofgesoot.

Am Kader vun den Entwécklungen ronderëm de Covid 19 ass eis Generalversammlung vum 28.Mäerz 2020 zu Jonglënster ofgesot. Mir wäerten Iech en neien Datum matdeelen soubal sech d’Situatioun normaliséiert huet.
 
Esou Situatiounen sinn fir den Rettungsdéngscht besonnesch schwiereg an mir maachen an deem Kontext den Opruff zesummen un engem Strang ze zéien.
Mir kréien permanent  nei Uweisungen vun der Direktioun an Prozeduren gi permanent nei evaluéiert. 
 
Mir wëssen wéi belaaschtend dat fir all eenzelen vun eis ka sinn. Mir vertrauen eiser Regierung sou wéi der Féierung vum CGDIS déi richteg Mesuren ze ergräifen.
Elo gëllt et e kille Kapp ze behalen an, a méi wéi je en den aneren ze ënnerstëtzen.
 
Mir packen alles, wann mir zesummen halen !!

Feiermelder 2020/01

En Accord ass font gin !

Léif Memberen,

Wann dir d’Aktualitéit an der Presse verfollegt dann hutt dir konnten feststellen dat d’Joer fir den CGDIS ganz gutt ugefaangen huet.

Den Accord tëschent der CGFP an dem Minister vun der Fonction Publique iwwert d‘Aarbechtszäitreeglung wäert villen Leit beim CGDIS eng ganz Partie Virdeeler bréngen. Vill Virbereedungsaarbecht gouf d lescht Joer geleescht fir hei zu engem gudden Resultat ze kommen.

Een wichtegen Schrëtt fir den SNPPL war et eng Platz am Comité fédéral vun der CGFP ze besetzen. Hei hunn mir eis dofir agesat dass den Accord endlech och eng legal Basis fir den 12-Stonnen Schichtsystem erméiglecht.

An den administrativen an techneschen Lafbunnen ass et wichteg dat mir och do eng flexibel Léisung fir d’Aarbechtszäiten fonnt hunn.  Zesummen mat der CGFP wäerten mir dann och bei dëser Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten een An drop halen dat dëst och an Zukunft am Interêt vun den Mataarbechter vum CGDIS ëmgesat gëtt.

Ënner anerem ass et eis awer och gelongen 5  zousätzlech Congésdeeg fir déi Kolleegen eraus ze handelen, déi kontinuéierlech am Schichtdéngscht schaffen.

Een groussen Merci wëllen mir hei un eis Mammenhaus , d‘ CGFP, an un hier Mataarbechter riichten, sou wéi un déi aner Ënnerorganisatiounen riichten déi alleguer vill Energie an Zäit investéiert hunn fir dësen Accord méiglech ze maachen.

Feiermelder 2019/07

Mir wënschen Iech an ären Familljen schéin Feierdeeg.

Virun allem wënschen mir Iech awer eng gutt Gesondheet an weiderhin vill Freed an ärem Job.

Nodeems d’Stagiairen eng Informatiounsmapp iwwert de Verlaf vun hirer Ausbildung krit hunn, hunn d’Vertrieder vum SNPPL net schlecht iwwert den Inhalt vun dëser „Brochure“ gestaunt.

D’Zäiterfaassung funktionéiert bei de Stagiairen aarnecht wéi beim reschtlechen Personal, ausserdem mussen d’Stagiairen all Daag 10 Minutten virum Ufank vun hiren eigentlechen 8 Stonnen untrieden.

Den SNPPL huet den zoustännegen Direkter drop higewisen, dass et esou net kann viru goen. Dësen huet dat och relativ séier agesinn an zougesot des Mësselen aus der Welt ze schaafen. Als Frist heifir ass sech op de kommende Februar geenegt ginn fir déi geplangten Formatiounen net op d’Kopp ze geheien.

Eng aner Mesure aus dësem Schrëftstéck lait eis awer méi schwéier um Mo. D’Stagiairen solle wocheweis Permanencen hunn, an hei nieft Noutfäll och fir aner Aarbechten zur Verfügung stoen. Eng Prime d’astreinte à domicile, déi de Statut fir sou Fäll viirgesäit kréien si net bezuelt.

Niewt den aarbechtsrechtleche Problemer weist den SNPPL op Schwieregkeeten bei ënner anerem der Hygiene, der Organisatioun vun der Ausbildung an der Asaatzfähegkeet vun dësen Equipen hin, a fuerdert des Mesure direkt of ze schafen.


Mir begréissen, dass den INFS eis des Note fir en ausféierlechen Avis gëtt, éier se un déi nächst Stagiairen verdeellt gëtt. Mir wäerten hei eisen Deel bäidroen.

Mir wäerten eis weiderhinn asetzen, fir dass d’Leit während hirem Stage Schichten schaffe kënnen, hei schéngt et e Problem am Novatime ze ginn, sou dass mir zouversichtlech sinn hei eng Léisung ze fannen soubal den Interflex aktiv ass.

Mir haten gehofft virun Enn des Joers en Accord kënnen ze fannen wat d’Emsetzen vun der Aarbechtszäiteregelung ugeet. Mëttlerweil waarde mir iwwert 2 Méint op eng Propose an eng weider Entrevue bei der Innenministesch, d’CGFP huet an dësem Sënn e Rappel un d’Mme. Bofferding geschéckt, mir bleiwen drunn.
 
Bei der Gelegenheet wäerte mir d’Mme. Minister dann och nach emol drop hiweisen, dass mir och zu den Upassungen am CGDIS Gesetz nach verschidden Fuerderungen hunn.

Een groussen MERCI !

Mir wëllen op dësem Wee Iech alleguer een ganz groussen Merci soen fir äert Vertrauen.

Dëst erlaabt eis et duerch een Comitésmember am Verwaltungsrot vertrueden ze sinn.
Mam Mike Möller si mir jiddefalls iwwerzeegt een gutt Sproochrouer am Verwaltungsrot ze hunn. Hie wäert sech hei déi nächst 6 Joer fir d’Wuel vun all Beruffspompjee asetzen.

Mir felicitéieren och dem Martin Simon. Hien wäert an Zukunft als Vertrieder fir den administrativen Beräich am Verwaltungsrot sëtzen. Mir wäerten sou séier wéi méiglech mat him a Kontakt trieden, an him eis Ënnerstëtzung versécheren.

Mir wëllen och deenen Léit Merci soen déi sech gemellt haten an Bereetschaft gewisen hunn sech fir hier Mataarbechter am CGDIS anzesëtzen. Hiren Courage an Engagement verdéngen groussen Respekt an Unerkennung.

Zu gudder Lescht gratuléiere mir dann och dem Jeff Herr, den d’Wale fir de fräiwëllege Vertrieder gewonnen huet.