{"id":1144,"date":"2021-04-26T11:22:07","date_gmt":"2021-04-26T09:22:07","guid":{"rendered":"https:\/\/snppl.lu\/?p=1144"},"modified":"2022-03-11T07:54:02","modified_gmt":"2022-03-11T06:54:02","slug":"communique-de-presse-du-25-avril-2021","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/snppl.lu\/?p=1144","title":{"rendered":"Communiqu\u00e9 de presse du 25. Avril 2021"},"content":{"rendered":"<p><a href=\"https:\/\/snppl.lu\/download\/communique-de-presse-du-25-avril-2021\/\"><strong>SNPPL kritis\u00e9iert Syvicol-Aussoen iwwert de K\u00e4schtepunkt vun de CGDIS-Servicer<\/strong><\/a><\/p>\n<p><strong>D\u2019S\u00e9cherheet vun de Bierger huet hire Pr\u00e4is<\/strong><\/p>\n<p>Knapp e Joer nodeems mir op de Balconen stoungen an duerch Applaus eis<br \/>\nSolidarit\u00e9it mat deene Leit, d\u00e9i hir Aarbecht \u00ebnnert schwierege Konditiounen maachen mussen, ausgedr\u00e9ckt hunn, sch\u00e9ngt vun d\u00ebser Solidarit\u00e9it an dem W\u00ebllen essentiell Servicer verst\u00e4erkt ze s\u00e9cheren, net m\u00e9i vill iwwreg ze bleiwen.<\/p>\n<p><!--more--><\/p>\n<p>Deen Androck kann een op alle Fall gewannen wann een d\u2019Reaktiounen vun de Syvicol-Vertrieder op den Plan national d\u2019organisation des secours (PNOS) h\u00e9iert.<br \/>\nWann d\u00e9i politesch Responsabel sech d\u2019Fro stellen, ob dann an Zukunft wierklech souvill neit Personal misst agestallt ginn, da steet dat am krasse Widdersproch mat vun eise Kolleegen hirem Aarbechtsalldag.<br \/>\nD\u00ebst g\u00ebllt fir eis administrativ an technesch Kolleegen, d\u00e9i an de leschten dr\u00e4i Joer eng komplett nei Infrastruktur fir e Betrib mat alles an allem bal 4500 Memberen opgestallt hunn, an d\u00e9i haut niewent hirem Daily Business och nach d\u00e9i administrativ Prise en Charge an den Impfzenteren assur\u00e9ieren. Hei sinn Iwwerstonnen iwwert d\u00e9i n\u00e4chst M\u00e9int virprogramm\u00e9iert.<br \/>\nDat g\u00ebllt genau sou fir eis operationell Kolleegen, bei deenen et en akute<br \/>\nPersonalmangel g\u00ebtt an deenen hir Aarbecht duerch d\u2019Pandemie och net m\u00e9i einfach ginn ass.<\/p>\n<p>Kee Rettungsd\u00e9ngscht ouni fr\u00e4iw\u00eblleg Pompjee\u00ebn<br \/>\nD\u2019Zesummenaarbecht t\u00ebschent de berufflechen an de fr\u00e4iw\u00ebllege Kolleegen , huet sech an de leschte Joren kontinu\u00e9ierlech an d\u00e9i richteg Richtung beweegt an hei kann een effektiv vun enger Win-Win-Situatioun schw\u00e4tzen.<br \/>\nDen Appui vun den Beruffspompjee\u00ebn erlaabt an Zukunft de fr\u00e4iw\u00eblleg Kolleegen an Zukunft hirer Leidenschaft mat manner Drock no ze goen. An enger Aarbechtswelt d\u00e9i \u00ebmmer m\u00e9i Flexibilit\u00e9it an Disponibilit\u00e9it fuerdert, ass d\u00ebst e wichtege Facteur an der \u00cbnnerst\u00ebtzung vum Volontariat. E L\u00ebtzebuerger Rettungsd\u00e9ngscht ouni fr\u00e4iw\u00eblleg Pompjee\u00ebn ass och fir eis ondenkbar.<\/p>\n<p><strong>10% fir 15 Minutten<\/strong><\/p>\n<p>De PNOS present\u00e9iert:<\/p>\n<ul>\n<li>Eng m\u00ebttelfristeg Zilsetzung: D\u2019Rettungsd\u00e9ngschter sollen bannent 15<br \/>\nMinutten all Plaz am ganze L\u00ebtzebuerger Land erreechen.<\/li>\n<li>Eng Strategie fir dohin ze kommen: E Ger\u00fcst vu Beruffspompjee\u00ebn, an e<br \/>\nweideren Opbau vum Volontariat<\/li>\n<\/ul>\n<p>Eng \u00e9ierlech Asch\u00e4tzung vun de K\u00e4schten d\u00e9i d\u00ebst bed\u00e9ngt: eng Hausse vun<br \/>\n10% iwwert d\u00e9i n\u00e4chst 5 Joer gekuckt.<\/p>\n<p>Et ass s\u00e9cher en ambiti\u00e9ise Projet, deen d\u2019Inneministesch Taina Bofferding an d\u00e9i Responsabel vum CGDIS hei virlee\u00ebn. Den SNPPL \u00ebnnerst\u00ebtzt hiren Engagement de Rettungsd\u00e9ngscht hei zu L\u00ebtzebuerg konsequent ze st\u00e4erken, an an d\u2019S\u00e9cherheet vun all eenzelen ze invest\u00e9ieren.<\/p>\n<p>Wann d\u00ebst Investissement an d\u2019S\u00e9cherheet vun de Bierger elo verschiddene Leit ze deier ass, sollen se hire Wieler dat riicht eraus soen. Den SNPPL rifft d\u00e9i betraffen op alle Fall dozou op, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an elo net beim Personal spueren ze w\u00ebllen.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>SNPPL kritis\u00e9iert Syvicol-Aussoen iwwert de K\u00e4schtepunkt vun de CGDIS-Servicer D\u2019S\u00e9cherheet vun de Bierger huet hire Pr\u00e4is Knapp e Joer nodeems mir op de Balconen stoungen an duerch Applaus eis Solidarit\u00e9it mat deene Leit, d\u00e9i hir Aarbecht \u00ebnnert schwierege Konditiounen maachen mussen, ausgedr\u00e9ckt hunn, sch\u00e9ngt vun d\u00ebser Solidarit\u00e9it an dem W\u00ebllen essentiell Servicer verst\u00e4erkt ze s\u00e9cheren, &hellip; <\/p>\n<p class=\"link-more\"><a href=\"https:\/\/snppl.lu\/?p=1144\" class=\"more-link\"><span class=\"screen-reader-text\">\u201eCommuniqu\u00e9 de presse du 25. Avril 2021\u201c <\/span>weiterlesen<\/a><\/p>\n","protected":false},"author":4,"featured_media":1145,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[8],"tags":[],"class_list":["post-1144","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-presse"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts\/1144","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/users\/4"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcomments&post=1144"}],"version-history":[{"count":2,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts\/1144\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1149,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/posts\/1144\/revisions\/1149"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/media\/1145"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fmedia&parent=1144"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcategories&post=1144"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/snppl.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Ftags&post=1144"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}