Den 29.06.2026 huet de Comité vum SNPPL sech mam Innenminister Léon Gloden getraff. Et war en oppenen Austausch bei deem de Minister eis net nëmmen nogelauschtert huet, mee och konkret Pisten zur Verbesserung proposéiert huet.

Personalvertrieder am Verwaltungsrot
No enger kuerzer Präsentatioun vun eise Leit hu mir de Vertrieder aus dem CA d’Wuert ginn. Si hunn déi schwéierfälleg Walprozedur via Recommandé ugeschwat an och de Fait, dass si bei Decisiounen déi d’Personal betreffen net derbäi dierfen sinn, well dës am Huis Clos geholl ginn.
Waat de Huis clos ugeet huet de Minister de Status Quo verteidegt an op de System an de Gemenge verwisen. Wa de Walsystem ugeet, do wier een amgaangen dat betreffend Reglement Grand-Ducal ze iwwerschaffen.
Duerno si mir direkt déi Themen ugaangen déi eis an de leschte Méint a Joren am meeschte beschäftegen.

Reform vum CGDIS-Gesetz
D’Gewerkschaft begréisst, dass de Minister d’Gesetz op déi lescht Ligne droite bruecht huet. Dëst Gesetz dréit enger ganzer Partie vun eise Fuerderungen Rechnung, notamment der Fonctionnarisatioun vun techneschen an administrativen Employéen, déi initial schonn hätt sollen 2018 stattfannen.
Den akute Personalmangel an d’Attraktiviéit vum Beruff Pompjee
Den SNPPL huet dem Minister en realistescht Bild vun der aktueller Personalsituatioun opgezeechent. Mir hunn drop higewisen, dass d’Aarbechtsbelaaschtung fir d’Leit um Terrain all Dag méi grouss gëtt an, dass feelend Recrutementer an en bescheidenen Taux de Réussite nom Stage dozou bäidroen, dass d’Leit wéineg Hoffnung op eng kuerzfristeg Verbesserung hunn. Mir hunn och bemierkt, dass gefillt ëmmer méi Kolleegen sech no Carrièresméiglechkeeten ausserhalb vum CGDIS an notamment bei der Police ëmkucken.

Op d’Fro wat d’Leit sech dann bei der Police erwaarden wat si net bei de Pompjeeën kréien, loung et no, dass si bei der Police eng B-Carrière kënne kréien, op déi si am CGDIS net onbedéngt eng Chance gesinn. An och déi mangelnd Wäertschätzung vun der Aarbecht am SAP-Beräich, déi de Groussdeel vun der Aarbechtszäit vun de Kollegen ausmécht dréit net zur Attraktivitéit vum Pompjeesberuff bäi.
De Minister huet heizou bemierkt, dass mat der Reform vum CGDIS-Gesetz d’Limitatioun vun 12% fir d’B-Carrière ewechfält an de Responsabelen un d’Häerz geluecht eng Etude de Satisfaction bei de Beruffspompjeeën duerchzeféieren.
Sou eng Etude kéint een och notzen fir ze kucken wéi eng Facteuren beim Taux de réussite eng Roll spillen.
Als käschtenneutral Mesure déi d’Zefriddenheet vun de Leit enorm verbesseren géing, huet den SNPPL d’Weiderverbreedung vum 12-Stonnesystem proposéiert, dëst ass eng essentiel Demande vun eise Leit. Ausserdem hun mir nach eemol betount, dass et ouni dëse System well wäitaus méi Départen ginn hätt.
Och wann de Minister hei keng Méiglechkeet gesäit bis, dass dat neit Aarbechtszäitegesetz a Kraaft trëtt, sou huet hien sech awer engagéiert beim Minister vun der Fonction Publique nozehake wou den entspriechende Projet drun ass. Wann dat Gesetz bis an Kraaft trëtt, ass hien net ofgeneigt dem 12-Stonnensystem zouzestëmmen.
Valorisatioun vum SAP-Beräich

Mir hate wéi scho gesot en gutt präparéierten Minister vis- à- vis vun eis sëtzen an trotzdeem huet hien iwwerrascht gewierkt wéi mir him erkläert hunn, dass haut en Ambulancier um liewege Patient, op legaler Basis keng eenzeg Mesure dierf duerchféieren déi iwwert en duerchschnëttlechen éischt Hëllef-Cours erausgeet. Mir hun him Beispiller, wei den Sauerstoff, den Wendl-tubus, an awer och Epi-pen genannt.
Hien huet doropshin prompt seng Equipe ugewisen eng Entrevue mam Santésministère ze plangen.
Net ziele gelooss huet den SNPPL den Awand, aus der Equipe vum Minister, dass dëst keen einfache Wee wäert ginn.
Mir hunn eis nach eemol drop behaapt, dass eis Leit d’Formatioun, d’Moyennen an d’Kompetenzen brauchen fir déi Situatiounen ze meeschteren déi si am Alldag begéinen, an dass et op deem Niveau an de leschten 8 Joer net ee Schrëtt no vir gaangen ass.
Ausserdeem hu mir nach d’Potential ënnerstrach déi dës Entwécklung fir déi national Resilienz géing bidden.
Mir wäerten op alle Fall um Ball bleiwen, an och wann et sécherlech just en Ufank war, sou si mir dach mat engem positive Gefill aus dëser Entrevue erausgaangen.





