Feiermelder 2018/02

Mir sinn houfreg drop, dass mir et an knapp 3 Méint säit onser Grënnung gepackt hunn, méi wéi 200 Memberen rekrutéiert ze hunn a soen Iech alleguerten MERCI fir äre Support.

Och fir ons ass d’Vakanz eriwwer, a mir hunn déi lescht zwee Méint eng ganz Rëtsch un Aktivitéite gehat.

Am September stoung fir ons sécherlech onst Engagement op der Journée Nationale am Virdergrond, dat fir ons e grousse Succès war an et ons erméiglecht huet reell Präsenz um Terrain ze weisen.

Do dernieft hu mir ons mat Vertrieder vun enger Partie aneren Gewerkschaften, sou wei och vun der Pompjeesfederatioun getraff an ausgetosch.

Am Oktober hate mir dann eng éischt Entrevue mam Comité Directeur vum CGDIS, hei hu mir Weeër diskutéiert wéi d’Gewerkschaft hirer Aarbecht am CGDIS kann no kommen. Verschidde Punkten konnten direkt gekläert ginn, an et gouf festgehal dass mir ons a reegelméissegen Oofstänn an dëser Constellatioun gesinn.

Zu gudder Lescht invitéiere mir Iech op ons Informatiounsversammlung den 21. November um 18:30 am Centre Culturel zu Bouneweg.

Mir freeën ons op des Gelegenheet fir eis mat Iech aus ze tauschen an Iech ons Gewerkschaft méi no ze bréngen.