Feiermelder 2018/03

D’Joer 2018 kënnt sou lues Richtung Enn a sou ass et hei och fir ons Zäit e leschte Bléck zeréck ze geheien, éier mir 2019 mat vill Elan an enger gutt gefëllter Agenda starten.

Den 21. November hate mir eng Informatiounsversammlung am Centre Culturel zu Bouneweg ofgehal. Ons huet den Owend vill Freed gemaach, well mir hei dem engen oder aneren d’Gewerkschaftsaarbecht e bësse méi no brénge konnten an och eng Partie Feedback vun de Leit kruten. Merci nach emol all deene Leit, déi op dësem flotten Owend derbäi woren.

Per Bréif un de Conseil d’Administration hu mir ons duerfir agesat, dass déi Leit déi am Oktober hir Demande gemaach hunn fir de Statut ze wiesselen, réckwierkend solle nominéiert ginn an mir hun zesummen mam Directeur Administratif et Financier eng transparent Léisung fir déi zukünfteg Wiesselen ausgeschafft.

Den Dezember hu mir u verschiddenen Aarbechtssëtzungen, sou wéi op der Conférence des Comités vun der CGFP deelgeholl.

Zwee Punkten déi ons zum Enn vum Joer besonnesch beschäftegt hunn, sinn d’Gesetz vum Compte Epargne Temps(CET) an d’Aarbechtskonditiounen mat deenen d’Kollegen an eenzelen CISen konfrontéiert sinn.

Am Januar wäerte mir ons mat der CGFP zesumme sëtzen fir eng Léisung am Dossier CET ze fannen.

De 14. Dezember hu mir ons mam Comité Directeur gesinn,.
Bei dëser Gelegenheet hu mir d’Direktioun op d’Manéier higewisen, no där an deem engen oder aner CIS mat de Beruffspompjeeën verfuer gëtt. Mir hunn och nach eng Kéier drop higewisen, dass d’Valorisatioun vum Beruff Pompjee eng vun de Prioritéiten vum CGDIS muss sinn. E wichtege Schrëtt an dës Richtung wier e gereegelten Kader wat d’Aarbechtsofleef an den verschiddenen CISen ugeet.
Donieft konnte mir wéi erhofft eng Partie technesch Froen klären an och weider Aarbechtssëtzungen plangen.

No engem beweegten a spannenden Joer 2018 wënsche mir Iech an äre Famillen
Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer.

Äre Comité