Feiermelder 2019/01

2019 versprécht no 2 Méint schonn alles anescht wéi e langweilegt Joer ze ginn.

Eent vun deene méi komplexen Themen wäert mat Sécherheet d’Integratioun vun der Schichtaarbecht an d‘ Gesetz vum „Compte Epargne Temps“ ginn.
An dem Kontext hu mir ons am Januar eng éischte Kéier mat Vertrieder vun der CGFP an den Ënnerorganisatiounen vun Police, Douane, Arméi, Ponts et Chaussées, den Agents Pénitentiaires an der Post getraff, fir zesummen no Léisungen ze sichen.
Am Laf vum Joer wäerten dëser Sitzungen nach sécherlech eng Partie ustoen.

Am Februar a Mäerz stoungen ënner anerem Informatiounsversammlungen zu den Themen Graden a Médico um Programm.
De 14.03.2019 um 19:00 hale mir ons éischt uerdentlech Generalversammlung am Centre Culturel zu Bouneweg of.
Wéi mir schonn am Virfeld ugekënnegt hunn wäert sech den Owend de Grënnungscomité opléisen, an neien Comité mat 11 Memberen gewielt ginn.

Folgend Leit hunn hier Kandidatur fir de Comité eragereecht:

-Breger Nicolas
-Dimmer Christian
-Freres Jill
-Horsmans Daniel
-Jungers Bob
-Magi Malvina
-Möller Mike
-Waty Alex
-Müller Pierre
-Schaul Daniel
-Schumacher Claude
-Speltz Francois

[nggallery id=“2″]