Feiermelder 2019/04

Eis Fuerderungen sinn kloer a gerecht.

Den 13. Juni hunn mir eis mat der Direktioun vum CGDIS getraff. Verschidden Punkten hunn mir virgeluecht.

Et huet eis an enger éischter Hisiicht gefreet dat eis Interventioun, wat d’Ausschreiwung vun den Chef CIS ubelaangt, och Friichten dréit wann och net all eis Fuerderungen erfëllt ginn. Sou spigelt sech awer mol de Promotiounsexamen als eis Haaptfuerderung op den Dokumenter zeréck.

Zousätzlech waren mir der Meenung dat méi eng gläichméisseg Verdeelung vun den Verantwortungsposten an den Lafbunnen C1 an B1 kommen muss. Den SNPPL sëtzt sech och dofir an, dass d’Ënneroffizéier no um Terrain mussen sinn, virun allem an deenen verschiddenen CIS’en. Mir hoffen net, dass dës wichteg Léit am administrativen Apparat verschwannen.

Méi Posten mussen an der Carrière Moyenne fräi ginn. Dëst ass eis Fuerderung am Verglach mat aneren Verwaltungen déi eis do konkret Konkurrenz beim Rekrutement maachen kéinten.

Eisen Avis ass wichteg, dëst hunn mir kloer gefuerdert an deem an Zukunft zu wichtegen Punkten eisen Avis gefrot an och ofgewaart gëtt.

Versprach gouf eis d’Matwierken bei der Reegelung vun den Dagesoflaf an den CIS’en. Dësen Dossier ass schonn an enger Preparatiounsphase.

CET – CGFP

Wat den CET betrëfft, sou gëtt intern an der CGFP een Aarbechtsgrupp en Place gesat fir eng Léisung fir eis d’Schichtaarbecht ze fannen. An dësem Aarbechtsgrupp sinn mir vertrueden an wäerten do eiser Verantwortung bewosst sinn.

Zesummen mat der CGFP ass eng Entrevue bei der Inneministesch ugefrot. D’Direktioun huet nach emol verséchert, dass si net drun intresséiert sinn dei aktuell Aarbechtszaiten, wéi se an verschiddenen CIS’en sin, ze aenneren.

Grades fonctionnels – een waarmt Eisen!

Den SNPPL huet d’DCO drop opmierksam gemaach, dass nom aktuelle Stand déi Sessioun vun 12.17 ugefaangen hunn de Grad vum Brigadier ze gutt hunn an net méi de vum Brigadier Aspirant. Mir hoffen hei op eng séier Richtegstellung.

Wéinst der allgemenger Onzefriddenheet déi d’Grades Fonctionnels mat sech bruecht hunn, hu mir eng zousätzlech Entrevue mat der DCO ugefrot, och an dësem Dossier wäerte mir net fäerten, déi aktuell Problemer un ze schwätzen, gläichzäiteg wäerte mir awer och Proposen am Sënn vun enger konstruktiver Léisung virbréngen.

Domiciliation – Cotisation 2019

Aus techneschen Grënn war et eis bis elo net méiglech är Domiciliatioun anzezéien. Am September wäerten mir sou erreicht ären Kont belaaschten.

Ofschléissend wënschen all eisen Memberen een erhuelsamen Summer an weiderhin eng gutt Gesondheet.