Newsletter 2019/05

Grades Fonctionnels :

Op eis Ufro hin hunn mir eis mat der Direktioun getraff fir hinnen eng «Mesure transitoire» virzeschloen. Och eng Delegatioun vum CIS Lux hat sëch paralell mat deem Dossier befaasst an gouf hei glaichzäiteg vun der Direktioun invitéiert fir dësen Dossier ze beschwätzen.
No längeren Diskussiounen huet DCO beschloss hei selwer aktiv ze ginn an eng «Mesure transitoire» auszeschaffen.

Nogefrot

Mir hunn missen feststellen dat bei der Sessioun 01/18 den Grades nach net ugepasst gouf. Mir hunn bei der Direktioun nogefroot an kruten verséchert dat dës leit schon am informateschen System ugepasst goufen. Soubaal d’Grades ukomm sin, gin dës och un déi betraffen Léit verdeelt.

CET :

Mat der CGFP lafen d’Verhandlunge gutt iwwert Aarbechtszäitreegelung. Parallel dozou haten mir eng Entrevue mat der Inneministesch fir evtl. Ännerungen am CGDIS-Gesetz virzehuelen.

Stagiaires:

Mir hun betreffend d’Organisatioun vun den Stages d’Direktioun drops higewisen dat verschidden Punkten net konform zum Statut sin. Verschidden Upassungen sin hei definitiv fälleg.

Promotiounsexamen:

Op eis Demande hin waren mir erfreet iwwert eng Informatiounsversammlung vum INFS wat den Oflaf vum Promotiounsexamen ugeet. Dës Versammlung ass an eisen Aen ganz positiv ofgelaf.
Mir wäerten an dësem Examen och als Observateur präsent sinn.

Délégué CA:

Wéi dir schon gemierkt hudd gin dëst Joër fir d’allereicht Wahlen organiséiert fir 2 Personalvertrieder am Conseil administrativ vum CGDIS ze nennen. Ët gët een Vertrieder fir den operationellen an een fir den technesch-administrativen Beräich gesicht. Mir waerten déi Léit ënnerstzen an eis an der nächster Newsletter méi genau mat dësem Thema auserneen setzen.

VdL:

Bei der Falsch-Klasséierung vun Kollegen bei der Gemeng Lëtzebuerg ass mëttlerweil eisen Echo bei der Buergemeeschteg ukomm. Mir bleiwen do drun an hoffen op eng schnellstméiglech Reegelung.

Merci

Ofschléissend wëllen mir dem Daniel Schaul Merci soen fir seng Ënnerstëtzung bei eis am Comité. Den Daniel huet seng Demissioun béi eis als Comitésmember eragereecht.
Mir wëschen him weiderhin Bonne Chance op sengem Wee an eng gutt Zukunft.