Feiermelder 2019/07

Mir wënschen Iech an ären Familljen schéin Feierdeeg.

Virun allem wënschen mir Iech awer eng gutt Gesondheet an weiderhin vill Freed an ärem Job.

Nodeems d’Stagiairen eng Informatiounsmapp iwwert de Verlaf vun hirer Ausbildung krit hunn, hunn d’Vertrieder vum SNPPL net schlecht iwwert den Inhalt vun dëser „Brochure“ gestaunt.

D’Zäiterfaassung funktionéiert bei de Stagiairen aarnecht wéi beim reschtlechen Personal, ausserdem mussen d’Stagiairen all Daag 10 Minutten virum Ufank vun hiren eigentlechen 8 Stonnen untrieden.

Den SNPPL huet den zoustännegen Direkter drop higewisen, dass et esou net kann viru goen. Dësen huet dat och relativ séier agesinn an zougesot des Mësselen aus der Welt ze schaafen. Als Frist heifir ass sech op de kommende Februar geenegt ginn fir déi geplangten Formatiounen net op d’Kopp ze geheien.

Eng aner Mesure aus dësem Schrëftstéck lait eis awer méi schwéier um Mo. D’Stagiairen solle wocheweis Permanencen hunn, an hei nieft Noutfäll och fir aner Aarbechten zur Verfügung stoen. Eng Prime d’astreinte à domicile, déi de Statut fir sou Fäll viirgesäit kréien si net bezuelt.

Niewt den aarbechtsrechtleche Problemer weist den SNPPL op Schwieregkeeten bei ënner anerem der Hygiene, der Organisatioun vun der Ausbildung an der Asaatzfähegkeet vun dësen Equipen hin, a fuerdert des Mesure direkt of ze schafen.


Mir begréissen, dass den INFS eis des Note fir en ausféierlechen Avis gëtt, éier se un déi nächst Stagiairen verdeellt gëtt. Mir wäerten hei eisen Deel bäidroen.

Mir wäerten eis weiderhinn asetzen, fir dass d’Leit während hirem Stage Schichten schaffe kënnen, hei schéngt et e Problem am Novatime ze ginn, sou dass mir zouversichtlech sinn hei eng Léisung ze fannen soubal den Interflex aktiv ass.

Mir haten gehofft virun Enn des Joers en Accord kënnen ze fannen wat d’Emsetzen vun der Aarbechtszäiteregelung ugeet. Mëttlerweil waarde mir iwwert 2 Méint op eng Propose an eng weider Entrevue bei der Innenministesch, d’CGFP huet an dësem Sënn e Rappel un d’Mme. Bofferding geschéckt, mir bleiwen drunn.
 
Bei der Gelegenheet wäerte mir d’Mme. Minister dann och nach emol drop hiweisen, dass mir och zu den Upassungen am CGDIS Gesetz nach verschidden Fuerderungen hunn.