Feiermelder 2020/02

De CGDIS ass een vun den essentiellen Acteuren den an der  aktueller Situatioun weider fonctionéiere muss. Duerfir  intervenéieren mir als Mataarbechter op alle méiglechen Niveauen, déi eng sti visibel an der éischter Rei fir de Leit um Terrain ze hëllefen, anerer këmmeren sech am Hannergrond em d’Koordinatioun, suergen duerfir, dass d’Kolleegen dobaussen mat dem néidegen Material versuergt ginn, kucken no eiser Gesondheet, oder këmmeren sech ënnert erschwéierten Konditiounen dorëm, dass déi Servicer déi mir oft fir selbstverständlech halen weider kënne lafen. Mir alleguer befannen eis momentan an engem permanenten Upassungsprozess. Dëst gëllt net nëmmen op der Aarbecht mee virun allem och am Privatliewen. 

Aus deem Grond een groussen Merci un all d’Léit, aus alle Servicen fir hir Flexibilitéit, hiren Engagement an hir Solidaritéit. Heiduerch haalt Dir net nëmmen de Betrib um Lafen, dir erméiglecht och äre Kolleegen an den aneren Servicen ënnert dene fir dës Situatioun beschtméiglechen Konditiounen weider ze schaffen. 

Mir hunn bei der Direktioun intervenéiert fir verschidden Froen vun eisen Memberen virzedroen. Grad an enger sanitärer Krise ass et ëmsou méi wichteg no dem Wuel vun eisen Léit ze kucken.

Zesummegefaasst sinn puer Punkten déi een wëssen muss:

Congé oder Dispenz?

  • Et ka keen Mataarbechter, onofhängeg vu sengem Statut gezwonge ginn, Congé oder Iwwerstonnen un ze froen. 
  • Als Schutzmoossnam kann de Patron verfügen, dass e Mataarbechter(in) doheem bleiwen soll, dëst gëtt als Dispense de Service verbucht a gëtt net vum Betraffenen sengem Compte ofgebucht. 
  • De Patron huet d’Recht a bestëmmte Fäll an ënnert gereegelte Prozeduren Leit aus dem Congé zeréck ze ruffen, oder schonn accordéierten Congé ze annuléieren. Sollten heiduerch Käschten fir de Betraffenen entstoen (z.B. stornéieren vun enger Vakanz), sou iwwerhëlt de Patron des Käschten. 
  • Ofgesinn vum uewe beschriwwene Fall, ka Congé den ugefrot an accordéiert ass nëmmen am Accord tëschent Agent a Patron annuléiert ginn (dëst gëllt fir déi ganz Fonction Publique). 

Mir hunn hei un Direktioun appelléiert, dass d’Leit déi lo e Congé accordéiert kruten, an dësen net esou wéi geplangt kënnen notzen, d’Chance solle kréien dësen ganz oder deelweis ze annuléieren a spéider dervun kënnen ze profitéieren.
Leider verweigert eis Direktioun dëst am Moment konsequent.
Mir hunn eis duerfir och un eisen Daachverband geriicht, den sech um nationalen Niveau wäert fir eng pragmatesch Léisung vun dëser Problematik asetzen.
 
 

https://cgfp.lu/actualites/2020/news/2020/cgfp-zur-urlaubsplanung-in-zeiten-des-coronavirus-gesunden-menschenverstand-walten-lassen

Examen? 
Vill vun Iech ginn dëst Joer an en Astellungs-, Promotiouns- oder Noexamen, mir hunn d’Direktioun drop higewisen, dass hei Leit sech an enger Ongewëssheet befannen, an dass dat keng flott Situatioun ass. 
 
Si hunn eis verséchert, dass kee vergiess gëtt an si wäerten sech deemnächst bei Iech mellen, och wann et nach net op all Froen eng Äntwert gëtt, well d’Situatioun vun Dag zu Dag evoluéiert, an et och vun externen Decisiounen ofhänkt.

 
Falls Dir weider Froen oder en Uleies hutt, hu mir och an dëser Zäit ëmmer en oppent Ouer an probéieren Iech wou mer kënnen weider ze hëllefen.
 
Dat Allerwichtegst ass awer dat dir an är Famill weiderhin gesond bléift.