Feiermelder 2020/05

Geschter hunn den Conseil d’Administration vum CGDIS, vertrueden duerch säi President Alain Becker an den SNPPL vertrueden duerch säi President Bob Jungers a säin Generalsekretär  Christian Dimmer, a Presenz vum President vun der CGFP, Romain Wolff an hirem Generalsekretär Steve Heiliger den Accord Sectoriel zum Aménagement du temps de travail ënnerschriwwen.

Dësen Accord ass néideg well d’CET-Gesetz net déi néideg Prezisiounen iwwer Schichtaarbecht enthält.

E ganz wichtege Punkt aus dësem Accord ass den 12-Stonne-System. Dëse gëtt do wou en haut en Vigueur ass bäibehalen, an de CGDIS engagéiert sech zäitno déi legal Grondlag heivir ze liwweren. Ouni sou eng Grondlag ass et absolut ondenkbar, dass de System op weidere Platzen iwwerholl ka ginn.

E weider wichtege Punkt ass dass d’Direktioun sech engagéiert bis Juli 2021 en Aarbechtsoflaf fir den Alldag an de CIS’en fir ze leeën, dëst ass e wichtegen Bausteen an der Harmoniséierung vun den Aarbechtskonditiounen a spillt eng entscheedend Roll wat d’Beruffsbild vum Pompjee ugeet, duerfir hu mir eis och staark gemaach fir an dësem Dossier vun Ufank un mat um Dësch ze sëtzen.

Niewent enger Partie aneren Punkten déi och am Gesetzprojet 7644 festgehale sinn, reegelt dësen Accord och d’Referenzperiode an d’Bereetstellen vun de Schichtpläng, dës wäerten och an Zukunft am CGDIS iwwert e „Plan Trimesteriel“ gereegelt sinn an 20 Deeg am Virfeld bereetgestallt ginn, dëst ass eng kloer Verbesserung zum Minimalwäert den d’Gesetz fir gesäit.

E leschten wichtege Punkt ass den dass d’Stagiairen endlech am 2.Joer Schichten kënne mat schaffen, wann och leider keng 12-Stonnen Schichten bis heivir déi legal Basis virläit. Esou hunn si d’Méiglechkeet sech e reaalt Bild vun hirer zukünfteger Aarbecht ze maachen.

Et ware laang an Deels och intensiv Diskussiounen néideg fir dësen Accord an dëser Form ze finaliséieren, wa mir och haut net all Punkten erëmfannen déi mir intial gefrot hunn, esou stellt dësen Accord awer eng real Plus-value fir d’Personal am Schichtdéngscht duer, an ass e gutt Beispill, dass déi beschte Léisungen just am Dialog kënnen fonnt gin.