Communiqué de presse du 25. Avril 2021

SNPPL kritiséiert Syvicol-Aussoen iwwert de Käschtepunkt vun de CGDIS-Servicer

D’Sécherheet vun de Bierger huet hire Präis

Knapp e Joer nodeems mir op de Balconen stoungen an duerch Applaus eis
Solidaritéit mat deene Leit, déi hir Aarbecht ënnert schwierege Konditiounen maachen mussen, ausgedréckt hunn, schéngt vun dëser Solidaritéit an dem Wëllen essentiell Servicer verstäerkt ze sécheren, net méi vill iwwreg ze bleiwen.

Deen Androck kann een op alle Fall gewannen wann een d’Reaktiounen vun de Syvicol-Vertrieder op den Plan national d’organisation des secours (PNOS) héiert.
Wann déi politesch Responsabel sech d’Fro stellen, ob dann an Zukunft wierklech souvill neit Personal misst agestallt ginn, da steet dat am krasse Widdersproch mat vun eise Kolleegen hirem Aarbechtsalldag.
Dëst gëllt fir eis administrativ an technesch Kolleegen, déi an de leschten dräi Joer eng komplett nei Infrastruktur fir e Betrib mat alles an allem bal 4500 Memberen opgestallt hunn, an déi haut niewent hirem Daily Business och nach déi administrativ Prise en Charge an den Impfzenteren assuréieren. Hei sinn Iwwerstonnen iwwert déi nächst Méint virprogramméiert.
Dat gëllt genau sou fir eis operationell Kolleegen, bei deenen et en akute
Personalmangel gëtt an deenen hir Aarbecht duerch d’Pandemie och net méi einfach ginn ass.

Kee Rettungsdéngscht ouni fräiwëlleg Pompjeeën
D’Zesummenaarbecht tëschent de berufflechen an de fräiwëllege Kolleegen , huet sech an de leschte Joren kontinuéierlech an déi richteg Richtung beweegt an hei kann een effektiv vun enger Win-Win-Situatioun schwätzen.
Den Appui vun den Beruffspompjeeën erlaabt an Zukunft de fräiwëlleg Kolleegen an Zukunft hirer Leidenschaft mat manner Drock no ze goen. An enger Aarbechtswelt déi ëmmer méi Flexibilitéit an Disponibilitéit fuerdert, ass dëst e wichtege Facteur an der Ënnerstëtzung vum Volontariat. E Lëtzebuerger Rettungsdéngscht ouni fräiwëlleg Pompjeeën ass och fir eis ondenkbar.

10% fir 15 Minutten

De PNOS presentéiert:

  • Eng mëttelfristeg Zilsetzung: D’Rettungsdéngschter sollen bannent 15
    Minutten all Plaz am ganze Lëtzebuerger Land erreechen.
  • Eng Strategie fir dohin ze kommen: E Gerüst vu Beruffspompjeeën, an e
    weideren Opbau vum Volontariat

Eng éierlech Aschätzung vun de Käschten déi dëst bedéngt: eng Hausse vun
10% iwwert déi nächst 5 Joer gekuckt.

Et ass sécher en ambitiéise Projet, deen d’Inneministesch Taina Bofferding an déi Responsabel vum CGDIS hei virleeën. Den SNPPL ënnerstëtzt hiren Engagement de Rettungsdéngscht hei zu Lëtzebuerg konsequent ze stäerken, an an d’Sécherheet vun all eenzelen ze investéieren.

Wann dëst Investissement an d’Sécherheet vun de Bierger elo verschiddene Leit ze deier ass, sollen se hire Wieler dat riicht eraus soen. Den SNPPL rifft déi betraffen op alle Fall dozou op, hir Verantwortung ze iwwerhuelen an elo net beim Personal spueren ze wëllen.