Feiermelder 2022/01

Ënnert der Leedung vum Gilbert Goergen, Vize-President vun der CGFP a President vun der FGEC zu der zënter dem leschte Joer och den SNPPL gehéiert, konnt en Accord zur Harmoniséierung vun den ënneschte Carriéren getraff ginn.
 
Wat heescht dat elo konkret?
C1-Carrière kritt en neie Verlaf an zwar wäert se folgend Graden ëmfaassen: 4,6,7 am Niveau Général an 7bis an 8bis am Niveau Supérieur.
 
Dëst féiert dozou, dass een an den 2 leschte Graden am leschten Echelon 9 Punkten méi huet, wéi bis elo.
 
Wien ass betraff?
 
All déi Leit déi an enger D1 oder C1-Carrière sinn wäerten an déi nei C1-Lafbunn integréiert ginn.
 
All déi Leit déi an enger D2-D4 Carrière sinn wäerten an déi nei C2-Lafbunn iwwerholl ginn.
 
Wéni gëtt den Accord ëmgesat?
 
Laut Accord salarial sollen dës Mesuren bis den Juli 2022 a Kraaft trieden.
 
Am Detail
 
Hei fannt dir d’Kommunikatioun vun der CGFP, souwéi och e Link bei d’FGEC wou dir Iech den Accord kënnt erof lueden, wann Dir weider Froen hutt mellt Iech um info@snppl.lu
 
 
https://www.cgfp.lu/actualites/2022/cgfp-durchbruch-bei-harmonisierung-der-unteren-staatlichen-laufbahnen
 
https://fgec.lu/news/