Mir wënschen Iech deen beschten Start an dat néit Joer

En neit Joer huet ugefaangen an an eisem éischte Feiermelder géinge mir en Ausbléck op d’Joer 2023 woen. Mir profitéieren awer och Iech um Courant ze halen wat mir virun de Feierdeeg geschafft hunn.

Mir feieren dëst Joer 5 Joer SNPPL an dëst ass nëmmen duerch är Ënnerstëtzung méiglech, heifir soe mir Iech e grousse Merci. Et wäert fir eis awer vir op en aarbechtsräicht Joer ginn,well och fënnef Joer no der Grënnung vum CGDIS nach laang net alles an dréchenen Dicher ass.

Den absolutte Personalmanktem, zesummen mat der steteg klammender Zuel un Asätz, sinn déi bestëmmend Erausfuerderungen vun dësem Joer. 

Eis Prioritéit wäert et deementspriechend sinn eis duerfir an ze setzen, dass den Rekrutement 2023 besser funktionéiert wéi déi lescht Joren; an dass kuerzfristeg Entlaaschtunge fir déi Leit geschaaft ginn déi haut onermiddlech d’Staang riicht halen.

Ufank Februar wäerte mir de Comité Directeur gesinn, an en ganz Partie konkret Proposen maachen wéi een des Ziler erreechen , an d’Attraktivitéit vum CGDIS als Patron verbessere kann.

An engem nächste Feiermelder fannt dir heizou méi Detailer.

Nach virun de Feierdeeg hu mir eis mat de Responsabelen vum CSU an dem Direkter vun der DCO getraff, hei stoungen virop d’Personalsituatioun um 112 um Programm; awer och déi Aarbechtsbelaaschtung déi duerch déi steigend Asaatzzuelen ëmmer méi grouss gëtt wor en Thema.

Hei hu mir dene Responsabelen un d’Häerz geluecht séier no Léisungsusätz ze sichen well heiduerch souwuel fir d’Operateuren um 112 wéi och fir d’Equippen um Terrain d’Stressbelaaschtung ëmmer weider zouhëlt an d’Aarbechtsklima massiv leit.
 

Weider Réuniounen zu dësen Theme si scho geplangt a mir hoffen dann och deemnächst Resultater ze gesinn.