CSU 112

Den 02.Februar hu mir eis mat der DCO gesinn fir iwwert d’Situatioun an d’Zukunft um CSU, sou wéi iwwert d’Verbesseren vun Asaatzkommunikatioun ze schwätzen.

Hei waren nieft dem Direkter CO déi Responsabel vum CSU derbäi. Fir den SNPPL waren de Jill , de Mike , d‘Malvina an de Bob present.

Als éischt ass et wéi leider esou oft em d’Personalsituatioun gaangen. Wa mir hei begréissen, dass lo 5 Employéeën agestallt ginn déi de Kolleegen um CSU déi dringend néideg Ënnerstëtzung bréngen, stelle mir fest, dass dëst gläichzäiteg en Echec vun der Personalpolitik vun de leschte Joren duerstellt well et haut carrement onméiglech ass des Platzen mat Beruffspompjeeën ze besetzen wéi dëst eigentlech virgesinn war.

Mir hunn nach emol kloer gemaach, dass mir um Beruffspompjee festhalen, an net acceptéiere wäerten, dass dëse Schrëtt fir Schrëtt duerch Employéen ersat gëtt.

Ganz positiv fanne mir d’Initiative, fir de Leit d’Méiglechkeet ze bidden sech zu 50% op den CSU ze mellen, dëst ka fir jiddereen nëmmen eng Beräicherung duerstellen. Och gutt huet eis gefall, dass een sech hei Zäit wëll loossen an no enger Testphase och Detailfroe wëll klären ier een de Projet definitiv lancéiert. Eng Approche déi en sech och alt scho mol op anere Platze gewënscht hätt.

Duerno hu mer eis da mat der Fro beschäftegt, wéi een e Kader ka schafen, den et den Operateuren erméiglecht eng méi gezielte Gerance vun den Asätz ze maachen, a wéi een d’Leit kéint sensibiliséieren, dass mir en Service d’Urgence sinn.

Schlussendlech ass et nach em de Rôle vum Officier Santé gaangen, dës Diskussiounen schéngen onméiglech ouni d’DMS ze féieren, duerfir hu mir och schonn hei eng Entrevue ugefrot a fir de Mäerz confirméiert kritt; Affair à suivre.

Esou Net

Nodeems mir scho méi wéi emol, motivéiert a laang Diskussiounen mat der Direktioun iwwert déi sëllegen Leerfahrten an d’Rechtssécherheet an dëse Fäll gefouert hunn, ass et fir eis en Affront, dass si ouni mat eis ze schwätzen esou eng Nott zu dësem THEMA eraus ginn an dat eng Woch nodeems mir ënnert anerem och heizou eng Entrevue bei der DMS ugefrot hunn.

Hei ass eng Nott verëffentlecht ginn, déi:

  • sech der Doctrine vum CGDIS, dass de Chefd’agrés als COS sur Place responsabel fir den Asaatz ass widdersetzt.
  • keng kloer Aussoen zu de Responsabilitéiten vun den eenzelen Acteuren mécht.
  • net dat Thema behandelt dat se betitelt
  • wäit vu komplett ass, et geet beispillsweis ni dovunner Rieds wat ee mécht wann de Pompjee der Meenung ass de beschte Choix wier net mat an d’Klinik ze goen.
  • keng praktesch Léisungsusätz bitt an keng Richtlinnen opstellt a wéi enge Fäll wéi e Renfort no ze fuerderen ass.
  • eng massiv Erheiung vun der Aarbechtsbelaaschtung fir all Opérateur an Ambulancier mat sech bréngt.

Et ass flagrant, dass zu Decisioune wéi dëser net mat de betraffene Leit berode gëtt (Operateur CSU, Ambulancier).

Och wa mir keen Avis gefrot gi sinn hu mir fir Iech dës Note emol analyséiert, dir kënnt dësen Avis hei noliesen.