Mir freeën eis dech ze begréissen op eis

Generalversammlung

Datum: Mëttwoch 4.Juni 2025

Auerzäit: 18.30 hrs

Adresse: Siège vun der CGFP (488 Rte de Longwy L- 1940 Märel Luxembourg)

Ordre du jour:

  • Begréissung vum President
  • Aktivitéitsrapport vun eisem Sekretär
  • Usprooch vum President
  • Unhuele vun den neie Statuten (Procuratioun)
  • Keesebericht
  • Reconstitutioun vum Comité
  • Fräi Aussprooch

Natierlech ass fir ee Patt an ee gudde Maufel gesuergt.

FGEC an Minister Serge Wilmes

De 05. Februar huet sech dann d’FGEC mam Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes getraff. Et wor eng flott a konstruktiv Entrevue an der de Schwéierpunkt op follgend Theme geluecht gouf.

D’Harmoniséierung vun de Carrière inférieures ,hei huet de Minister sech optimistesch gewisen, dass d’Gesetz am Fréijoer kéint gestëmmt ginn.

Preretraite am 57.Liewensalter no 20 Joer Schichtaarbecht: Hei gouf vu gewerkschaftlecher Säit nach emol Drock gemaach a gefuerdert, dass et an dësem Dossier endlech weidergeet.

E weidert wichtegt Thema war d’Harmoniséierung vun alle Carrièrë beim Staat. D’FGEC huet hei nach emol drop higewisen, dass d‘C-Carrière däitlech no uewe misst ugepasst ginn. Well ochdéi iewescht Carrièrë missten adaptéiert gi, gëtt dëst en Deel vun engem Aarbechtsgrupp mat der CGFP.

Den SNPPL war hei duerch säi President Bob Jungers vertrueden, den och Member am Comité vun der FGEC ass.

Accord salarial

E Mëttwoch den 29.Januar 2025 huet d’CGFP den Accord Salarial mam Minister vun der Fonction Publique Serge Wilmes ënnerschriwwen.

Et ass e responsabelen Accord den de globale politesche Gegebenheete Rechnung dréit, an den trotzdeem eng linear Punktwäert-Erhéijung fir jidderee beinhalt.

Nieft enger Punktwäert-Erhéijung ëm 2,5% iwwert zwee Joer enthält dësen Accord nach eng ganz Partie interessant Punkten.

Assemblée générale

Ordre du jour

  • Begréissung vum President
  • Aktivitéitsrapport vun eisem Sekretär
  • Usprooch vum President
  • Keesebericht
  • Reconstitutioun vum Comité
  • Fräi Ausprooch

Wärend an no den Rapporten sidd dir alleguer op een Patt an een Maufel invitéiert.

CSU 112

Den 02.Februar hu mir eis mat der DCO gesinn fir iwwert d’Situatioun an d’Zukunft um CSU, sou wéi iwwert d’Verbesseren vun Asaatzkommunikatioun ze schwätzen.

Hei waren nieft dem Direkter CO déi Responsabel vum CSU derbäi. Fir den SNPPL waren de Jill , de Mike , d‘Malvina an de Bob present.

„CSU 112“ weiterlesen

Feiermelder 2022/03

Kuerz virun der Summervakanz hu mir eis fir e reegelméissegen Austausch mat dem Comité Directeur gesinn den Ordre du Jour wor nawell gutt gefëllt, hei géinge mir gären verschidde Punkten méi genee beliichten.

Eng vun eisen Haaptsuergen ass am Moment de Recrutement, och mat méi engem einfache Sportstest konnt een hei kee grousse Succès verbuchen, an d’Konkurrenz am Secteur ass momentan grouss.
Dofir ass et enorm wichteg den Job vum Beruffspompjee attraktiv ze halen!

An dem Zesummenhang hu mir och nach emol widderholl, dass et fir eis eng Selbstverständlechkeet ass, dass de Pompjee déi Zäit an der hie sech op säin Déngscht virbereet, als Aarbechtszäit unerkannt kritt, dëst ass duerch international Urteeler confirméiert an gëtt och an anere Verwaltungen sou ëmgesat.

„Feiermelder 2022/03“ weiterlesen