Feiermelder 2022/02

An de leschten Wochen hate mir gläich zwou Reuniounen bei deenen d’Gesondheet an d’Wuelbefannen vun eise Kolleegen am Mëttelpunkt steet

Eng Delegatioun hat sech  mam neien Directeur médical, dem Dr. Pierrard getraff.

Haaptthema vun dëser Reunioun war de Médico.

Méi konkret hu mir gefuerdert, dass:

  • d’Käschten fir zousätzlech Ënnersichungen déi vum Médico gefrot ginn solle vum CGDIS iwwerholl ginn.
  • de Médico soll sou opgestallt ginn, dass en do ass fir de Gesondheetszoustand vun den Agenten ze kontrolléieren, a kee verstoppten Leeschtungstest soll duerstellen.
  • eng ganz Rei Inkoherenzen tëschent de verschiddene Statuten mussen an Ugrëff geholl ginn.
Et war een flotten an oppenen Austausch, an dem et och drëm gaangen ass wéi de Service an Zukunft kann weider opgestallt ginn, fir och den Suivi vun den Agente besser ze encadréieren.
 
Och hei sinn déi nächst Reuniounen scho festgeluecht a sou bal et hei konkret Resultater gëtt hale mir Iech um Lafenden.

Mir hunn eis mat dem Service Developpement RH vun der Ressource humaine getraff. Ganz kloer stoung hei de mënschlechen Volet am Mëttelpunkt vun der Entrevue.

Wou vill Léit sinn an wou vill geschafft gëtt, do sinn sozial Konflikter an Ermiddung op der Aarbechtsplaz duerchaus onvermeidlech.
Mir hunn no Weeër gefrot eis Léit besser ze ënnerstëtzen an och gekuckt wou een eng konstruktiv Zesummenaarbecht kann obbauen fir dat keen am System verluer geet oder op der Streck bléift.
Eis ass alleguer kloer dat den Alldag op enger Aarbechtsplaz belaaschtend kann sinn, dëst dierf awer weder kuerz- nach laangfristeg op d’Käschten vun de Leit hirer Gesondheet goen. Duerfir ass et wichteg an Zukunft preventiv virzegoen dass d’Leit op laang Siicht Freed un hirer Aarbecht hunn, well just esou kann eng gutt Qualitéit um Terrain eraus kommen.
Mir waren frou iwwert déi oppen Aart a Weis an eisen Reuniounen an mir freeën eis op eng konstruktiv Zesummenaarbecht am Interêt vun allen Acteuren.

Gutt preparéiert …

Mir sinn iwwerzeegt dovun, dass d’Leit déi an en Examen ginn och d’Recht hunn richteg heirobber preparéiert ze ginn. Duerfir fuerdere mir zanter iwwer zwee Joer, dass virum Promotiounsexamen resp. virum Ustellungsexamen en Legislatiounscours ofgehale gëtt.
 
Wärend fir d’Promotiounsexamen elo op eisen Drock hin emol en Informatiounsdag organiséiert gouf, huet sech beim Ustellungsexamen nach net vill gedoen, sou dass mir hei weider wäerten nohaken.
 
Mir géingen dann och gären dene Leit Bonne Chance wënschen déi dës Woch hir Examen schreiwen. Mir erënneren d‘Leit, dass si 16 Stonnen Congé de Préparation ze gutt hunn.

Feiermelder 2021/02

Säit der Grënnung vum CGDIS huet den SNPPL drop higewisen, dass et weider Dérogatiounen am sougenannten CGDIS-Gesetz brauch fir jidderengem am Cadre de Base e fairen Accès op d‘Carrière Ouverte ze erméiglechen. Haut schéngt et dann esou wäit, dass et mat Ausnam vun der Voie Expresse fir keen Beruffspompjee am CGDIS eng Méiglechkeet gëtt e Changement de Groupe de Traitement duerchzeféieren.

Fir eng séier Léisung fir dës an eisen Aen absurd Situatioun ze fannen sti mir momentan am Kontakt mat der Fonction Publique an eiser Direktioun.

Leider konnt bis elo nach keen eis eng zefriddestellend Äntwert ginn, dëst wäerte mir net esou einfach hinhuelen. Mir wäerten mat der Ënnerstëtzung vun der FGEC an der CGFP  um Ball bleiwen fir e bësse Luucht an dës administrativ Ofgrënn ze bréngen.

Eng urgent a konsequent Upassung vun de Gesetztexter erschéngt onëmgänglech, a mir wäerten och hei eis Fuerderungen kloer zum Ausdrock bréngen, fir dass et net nach eng Kéier zu esou enger Situatioun wäert kommen.

Communiqué de presse du 25. Avril 2021

SNPPL kritiséiert Syvicol-Aussoen iwwert de Käschtepunkt vun de CGDIS-Servicer

D’Sécherheet vun de Bierger huet hire Präis

Knapp e Joer nodeems mir op de Balconen stoungen an duerch Applaus eis
Solidaritéit mat deene Leit, déi hir Aarbecht ënnert schwierege Konditiounen maachen mussen, ausgedréckt hunn, schéngt vun dëser Solidaritéit an dem Wëllen essentiell Servicer verstäerkt ze sécheren, net méi vill iwwreg ze bleiwen.

„Communiqué de presse du 25. Avril 2021“ weiterlesen

Feiermelder 2021/01

Vill vun Iech hunn sech bestëmmt gefreet wéi si  vum INFS d’Invitatioun fir d’Formation Continue dëst Joer kritt hunn, an dëser goufen eis ënner anerem Kaffi a Croissant versprach. Leider konnt den INFS an dësem Fall säi Wuert net halen, well fir déi berufflech Kolleegen keng Verpflegung vir gesinn ass. Dëst ass zwar iergerlech mee mir wäerten et wuel iwwerliewen.

Komplett inakzeptabel ass et awer wann den INFS d’Leit dozou oprifft hiert Stuermgezei an och hir Geräter an hirem privaten Auto mat ze huelen.

Eis ass et op dëser Platz och wichteg mam Mythos op ze raumen, dass beim Verbrennen vu einfachem Holz keng Schuedstoffer entstinn. Bei dësem „proppere“ Feier ginn héich kriibserreegend Stoffer fräigesat.

Mir hunn des Problematik souwuel dem INFS wéi och dem Comité Directeur duer geluecht, a si opgefuerdert hir Responsabilitéit ze huelen an duerfir ze suergen, dass keen Pompjee muss kontaminéiert Material a sengem Privatauto ronderëm féieren.

Hei steet d’Gesondheet vun dene betraffene Leit um Spill an dëst ass en absoluten NoGo.

Accord Salarial

 Den 04.03.2021hunn d’CGFP an de Minister Hansen den Accord salarial ënnerschriwwen, den iwwert d’Joren 2021 an2022 leeft. Et ass e responsabelen Accord, den déi Acquisen déi mir haut hunn ofséchert an den de Fokus op d’Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune leet an esou duerfir suergt, dass och a Krisenzäiten d’Fonction Publique e sécheren an attraktive Secteur bleift.

De ganzen Accord kënnt Dir hei liesen:   https://www.cgfp.lu/actualites/2021/gehalterabkommen-cgfp-schiebt-privatisierungstendenzen-riegel-vor

Preretraite

E Punkt op de mir d’lescht Joer vill ugeschwat gi sinn ass d’Preretraite fir déi Leit déi 20 Joer Schichte schaffen, den Accord gesäit fir, dass hei dëst Joer soll eng Léisung fonnt ginn.

Feiermelder 2020/05

Geschter hunn den Conseil d’Administration vum CGDIS, vertrueden duerch säi President Alain Becker an den SNPPL vertrueden duerch säi President Bob Jungers a säin Generalsekretär  Christian Dimmer, a Presenz vum President vun der CGFP, Romain Wolff an hirem Generalsekretär Steve Heiliger den Accord Sectoriel zum Aménagement du temps de travail ënnerschriwwen.

Dësen Accord ass néideg well d’CET-Gesetz net déi néideg Prezisiounen iwwer Schichtaarbecht enthält.

E ganz wichtege Punkt aus dësem Accord ass den 12-Stonne-System. Dëse gëtt do wou en haut en Vigueur ass bäibehalen, an de CGDIS engagéiert sech zäitno déi legal Grondlag heivir ze liwweren. Ouni sou eng Grondlag ass et absolut ondenkbar, dass de System op weidere Platzen iwwerholl ka ginn. „Feiermelder 2020/05“ weiterlesen

Feiermelder 2020/03

Merci Iech, dass dir eist Mammenhaus d’CGFP esou massiv ënnerstëtzt hutt.

 

 

 

 

 

 

Den SNPPL ass houfreg mam Bob Jungers a Claude Schumacher déi nächst 5 Joer esou 2 Vertrieder an der Chambre des fonctionnaires et employés publics ze hunn.

Dëst ass eng schéi Bestätegung fir eis Aarbecht vun den leschten 2 Joer an erméiglecht eis an Zukunft nach besser Gehéier fir äert Uleies ze fannen.

Duerch eis Interventioun bei der Direktioun konnte mir erreechen, dass fir Leit déi méi wéi annerhallef Woch Congé gefrot hunn an déi desen duerch den Etat de Crise net wéi geplangt kënnen notzen, d’Méiglechkeet besteet en Deel vun hirem Congé op en spéideren Zäitpunkt ze reportéieren.

Eng weider gutt Nooricht gëtt et fir déi Leit déi an en Examen goen sollen, den op Grond vun der aktueller Situatioun verréckelt ass. Hei ass e projet de loi um Instanzenwee, den et erlaabt dëse Leit hir Promotioun retroaktiv op de geplangten Examensdatum un ze rechnen.

Fir d‘ Cotisatioun 2020 hunn mir eng Réi duebel Bezuelungen festgestallt. Eng Partie Léit hunn eng Domiciliatioun an eng Digicash-Iwwerweisung gemaach. Mir huelen eis an den nächsten Deeg deem Dossier un an iwwerweisen iech den Betrag zeréck op ären Kont.