Feiermelder 2018/02

Mir sinn houfreg drop, dass mir et an knapp 3 Méint säit onser Grënnung gepackt hunn, méi wéi 200 Memberen rekrutéiert ze hunn a soen Iech alleguerten MERCI fir äre Support.

Och fir ons ass d’Vakanz eriwwer, a mir hunn déi lescht zwee Méint eng ganz Rëtsch un Aktivitéite gehat.

weider liesen

Rendez-vous mat der Pompjeesfederatioun

Den 18.September hu mir ons mat der Pompjeesfederatioun getraff.

Ziel war et eis kennen ze léieren an domat eng Basis ze schafen fir bei zukünftegen Erausfuerderungen mateneen an net géinteneen ze schaffen.

Mir soe Merci fir d’Invitatioun an de flotten Owend

Feiermelder 2018/01

Et ass esouwäit, wéi versprach si mir zanter Ufank August prett fir nei Memberen op ze huelen.
Wëlls och du Member ginn, dat ass keng Affär, fëll einfach d’Fiche d’adhésion aus déi’s du op onsem Depliant fënns a looss ons se zou kommen:

per Post: SNPPL
50,rte d’Arlon
L-1140 Luxembourg -per E-Mail: info@snppl.lu

weider liesen