De CGDIS ass een vun den essentiellen Acteuren den an der aktueller Situatioun weider fonctionéiere muss. Duerfir intervenéieren mir als Mataarbechter op alle méiglechen Niveauen, déi eng sti visibel an der éischter Rei fir de Leit um Terrain ze hëllefen, anerer këmmeren sech am Hannergrond em d’Koordinatioun, suergen duerfir, dass d’Kolleegen dobaussen mat dem néidegen Material versuergt ginn, kucken no eiser Gesondheet, oder këmmeren sech ënnert erschwéierten Konditiounen dorëm, dass déi Servicer déi mir oft fir selbstverständlech halen weider kënne lafen. Mir alleguer befannen eis momentan an engem permanenten Upassungsprozess. Dëst gëllt net nëmmen op der Aarbecht mee virun allem och am Privatliewen.
Aus deem Grond een groussen Merci un all d’Léit, aus alle Servicen fir hir Flexibilitéit, hiren Engagement an hir Solidaritéit. Heiduerch haalt Dir net nëmmen de Betrib um Lafen, dir erméiglecht och äre Kolleegen an den aneren Servicen ënnert dene fir dës Situatioun beschtméiglechen Konditiounen weider ze schaffen.
Mir hunn bei der Direktioun intervenéiert fir verschidden Froen vun eisen Memberen virzedroen. Grad an enger sanitärer Krise ass et ëmsou méi wichteg no dem Wuel vun eisen Léit ze kucken.
Zesummegefaasst sinn puer Punkten déi een wëssen muss:
„Feiermelder 2020/02“ weiterlesen