Den 8ten Juni 2026 waren mir als SNPPL op der Conférence des Comités restreinte vun der CGFP vertrueden. Mir kruten dei eenzel Punkten vum Tripartitesaccord tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaftsvertrieder erkläert an zesummegefaasst. Mir als SNPPL fannen, dass et en ganz raisonnabelen Accord ass an hunn en dofir matgestëmmt. Fir weider Detailer klickt op den Link: https://www.cgfp.lu/actualites/2026/approbation-de-l-accord-tripartite-par-la-cgfp
Entrevue mam Innenminister Leon Gloden :
Mir hunn eng Entrevue mam Innenminister ugefrot an gesinn hien elo den 29ten Juni fir follgend Themen mat him ze beschwätzen:
Den akuten Personalmangel beim CGDIS
Valorisatioun vum SAP-Beräich an domadder eng Valorisatioun an Erhéijung vun der Attraktivitéit vun der Aarbecht vum Beruffspompjee
Am 4. Juni 2025 fand die Generalversammlung der SNPPL – der Gewerkschaft der Berufstätigen im CGDIS – statt. Die Sitzung war geprägt von klaren Worten, konstruktiver Kritik und dem festen Willen, die Interessen des Personals auch weiterhin mit Nachdruck zu vertreten.
Natierlech ass fir ee Patt an ee gudde Maufel gesuergt.
Wanns du selwer net an d’Versammlung komme kanns, sou ass et méigleg enger aanerer Persoun eng Procuratioun ze ginn déi fir dëch bei de Walen ofstëmme kann.
De 05. Februar huet sech dann d’FGEC mam Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes getraff. Et wor eng flott a konstruktiv Entrevue an der de Schwéierpunkt op follgend Theme geluecht gouf.
D’Harmoniséierung vun de Carrière inférieures ,hei huet de Minister sech optimistesch gewisen, dass d’Gesetz am Fréijoer kéint gestëmmt ginn.
Preretraite am 57.Liewensalter no 20 Joer Schichtaarbecht: Hei gouf vu gewerkschaftlecher Säit nach emol Drock gemaach a gefuerdert, dass et an dësem Dossier endlech weidergeet.
E weidert wichtegt Thema war d’Harmoniséierung vun alle Carrièrë beim Staat. D’FGEC huet hei nach emol drop higewisen, dass d‘C-Carrière däitlech no uewe misst ugepasst ginn. Well ochdéi iewescht Carrièrë missten adaptéiert gi, gëtt dëst en Deel vun engem Aarbechtsgrupp mat der CGFP.
Den SNPPL war hei duerch säi President Bob Jungers vertrueden, den och Member am Comité vun der FGEC ass.
Eine Stammzellenspende kann Leben retten. In Luxemburg stirbt jeder dritte Leukemiepatient weil kein passender Spender gefunden wird. Hier besteht, noch immer, akuter Handlungsbedarf.
Kuerz virun der Summervakanz hu mir eis fir e reegelméissegen Austausch mat dem Comité Directeur gesinn den Ordre du Jour wor nawell gutt gefëllt, hei géinge mir gären verschidde Punkten méi genee beliichten.
Eng vun eisen Haaptsuergen ass am Moment de Recrutement, och mat méi engem einfache Sportstest konnt een hei kee grousse Succès verbuchen, an d’Konkurrenz am Secteur ass momentan grouss. Dofir ass et enorm wichteg den Job vum Beruffspompjee attraktiv ze halen!
An dem Zesummenhang hu mir och nach emol widderholl, dass et fir eis eng Selbstverständlechkeet ass, dass de Pompjee déi Zäit an der hie sech op säin Déngscht virbereet, als Aarbechtszäit unerkannt kritt, dëst ass duerch international Urteeler confirméiert an gëtt och an anere Verwaltungen sou ëmgesat.
An de leschten Wochen hate mir gläich zwou Reuniounen bei deenen d’Gesondheet an d’Wuelbefannen vun eise Kolleegen am Mëttelpunkt steet
Eng Delegatioun hat sech mam neien Directeur médical, dem Dr. Pierrard getraff.
Haaptthema vun dëser Reunioun war de Médico.
Méi konkret hu mir gefuerdert, dass:
d’Käschten fir zousätzlech Ënnersichungen déi vum Médico gefrot ginn solle vum CGDIS iwwerholl ginn.
de Médico soll sou opgestallt ginn, dass en do ass fir de Gesondheetszoustand vun den Agenten ze kontrolléieren, a kee verstoppten Leeschtungstest soll duerstellen.
eng ganz Rei Inkoherenzen tëschent de verschiddene Statuten mussen an Ugrëff geholl ginn.
Et war een flotten an oppenen Austausch, an dem et och drëm gaangen ass wéi de Service an Zukunft kann weider opgestallt ginn, fir och den Suivi vun den Agente besser ze encadréieren.
Och hei sinn déi nächst Reuniounen scho festgeluecht a sou bal et hei konkret Resultater gëtt hale mir Iech um Lafenden.
Mir hunn eis mat dem Service Developpement RH vun der Ressource humaine getraff. Ganz kloer stoung hei de mënschlechen Volet am Mëttelpunkt vun der Entrevue.
Wou vill Léit sinn an wou vill geschafft gëtt, do sinn sozial Konflikter an Ermiddung op der Aarbechtsplaz duerchaus onvermeidlech. Mir hunn no Weeër gefrot eis Léit besser ze ënnerstëtzen an och gekuckt wou een eng konstruktiv Zesummenaarbecht kann obbauen fir dat keen am System verluer geet oder op der Streck bléift. Eis ass alleguer kloer dat den Alldag op enger Aarbechtsplaz belaaschtend kann sinn, dëst dierf awer weder kuerz- nach laangfristeg op d’Käschten vun de Leit hirer Gesondheet goen. Duerfir ass et wichteg an Zukunft preventiv virzegoen dass d’Leit op laang Siicht Freed un hirer Aarbecht hunn, well just esou kann eng gutt Qualitéit um Terrain eraus kommen. Mir waren frou iwwert déi oppen Aart a Weis an eisen Reuniounen an mir freeën eis op eng konstruktiv Zesummenaarbecht am Interêt vun allen Acteuren.
Ënnert der Leedung vum Gilbert Goergen, Vize-President vun der CGFP a President vun der FGEC zu der zënter dem leschte Joer och den SNPPL gehéiert, konnt en Accord zur Harmoniséierung vun den ënneschte Carriéren getraff ginn.