Eisen Grënnungscomité ass ganz zeréck getrueden esou wei eisen Statut dat firgesäit an bei den Wahlen ass esou een neien Comité gewielt ginn.
weider liesen an Fotoen kucken
Informatiounsversammlung
Den 21.November hat den SNPPL hier eicht Informatiounsversammlung zu Bouneweg am Zentre Kulturell.
Am Fokus stoung d’Virstellung vun eisem Comité an déi domat verbonnen Aarbechten déi bis elo geleescht goufen.
Weiderhin goufen eenzel Aspekter vun verschiddenen Comité-Memberen am Detail erkläert mat ofschléissender Froeronn.
Bei engem gemittlechen Patt konnten eis Memberen dovun profitéieren nach Froen ze diskutéieren an Ideen auszetauschen.
Mir soen all eisen Visiteuren een groussen Merci fir hier Interessi.
Een Merci gëllt och der Gemeng Lëtzebuerg déi eis erméiglecht hunn eis Versammlung an hiren Raimlechkeeten ofzehalen.
[ngg src=“galleries“ ids=“1″ display=“basic_thumbnail“]
Fir den Respekt ….
Entrevue mam Comité Directeur vum CGDIS
Den Donneschden 18. Oktober hu mir ons mam Comité Directeur vum CGDIS getraff.
Et ass dorëm gaangen sech kennen ze léieren a Weeër ze fannen fir effikass zesummen ze schaffen.
Rendez-vous mat der Pompjeesfederatioun
Den 18.September hu mir ons mat der Pompjeesfederatioun getraff.
Ziel war et eis kennen ze léieren an domat eng Basis ze schafen fir bei zukünftegen Erausfuerderungen mateneen an net géinteneen ze schaffen.
Mir soe Merci fir d’Invitatioun an de flotten Owend