Sozialwahlen vum 6. – 26. Mäerz 2025
D’CGFP ass bei de Sozialwahlen mat 48 Léit vertrueden an déckt als eenzeg Gewerkschaft domat all Beräicher an der fonction public of.
Och den SNPPL huet hei 2 Kandidaturen.

Bob Jungers

Claude Schumacher
Sozialwahlen vum 6. – 26. Mäerz 2025
D’CGFP ass bei de Sozialwahlen mat 48 Léit vertrueden an déckt als eenzeg Gewerkschaft domat all Beräicher an der fonction public of.
Och den SNPPL huet hei 2 Kandidaturen.
Bob Jungers
Claude Schumacher
De 05. Februar huet sech dann d’FGEC mam Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes getraff. Et wor eng flott a konstruktiv Entrevue an der de Schwéierpunkt op follgend Theme geluecht gouf.
D’Harmoniséierung vun de Carrière inférieures ,hei huet de Minister sech optimistesch gewisen, dass d’Gesetz am Fréijoer kéint gestëmmt ginn.
Preretraite am 57.Liewensalter no 20 Joer Schichtaarbecht: Hei gouf vu gewerkschaftlecher Säit nach emol Drock gemaach a gefuerdert, dass et an dësem Dossier endlech weidergeet.
E weidert wichtegt Thema war d’Harmoniséierung vun alle Carrièrë beim Staat. D’FGEC huet hei nach emol drop higewisen, dass d‘C-Carrière däitlech no uewe misst ugepasst ginn. Well ochdéi iewescht Carrièrë missten adaptéiert gi, gëtt dëst en Deel vun engem Aarbechtsgrupp mat der CGFP.
Den SNPPL war hei duerch säi President Bob Jungers vertrueden, den och Member am Comité vun der FGEC ass.