E Mëttwoch den 29.Januar 2025 huet d’CGFP den Accord Salarial mam Minister vun der Fonction Publique Serge Wilmes ënnerschriwwen.
Et ass e responsabelen Accord den de globale politesche Gegebenheete Rechnung dréit, an den trotzdeem eng linear Punktwäert-Erhéijung fir jidderee beinhalt.
Nieft enger Punktwäert-Erhéijung ëm 2,5% iwwert zwee Joer enthält dësen Accord nach eng ganz Partie interessant Punkten.
Eine Stammzellenspende kann Leben retten. In Luxemburg stirbt jeder dritte Leukemiepatient weil kein passender Spender gefunden wird. Hier besteht, noch immer, akuter Handlungsbedarf.
Den 02.Februar hu mir eis mat der DCO gesinn fir iwwert d’Situatioun an d’Zukunft um CSU, sou wéi iwwert d’Verbesseren vun Asaatzkommunikatioun ze schwätzen.
Hei waren nieft dem Direkter CO déi Responsabel vum CSU derbäi. Fir den SNPPL waren de Jill , de Mike , d‘Malvina an de Bob present.
Kuerz virun der Summervakanz hu mir eis fir e reegelméissegen Austausch mat dem Comité Directeur gesinn den Ordre du Jour wor nawell gutt gefëllt, hei géinge mir gären verschidde Punkten méi genee beliichten.
Eng vun eisen Haaptsuergen ass am Moment de Recrutement, och mat méi engem einfache Sportstest konnt een hei kee grousse Succès verbuchen, an d’Konkurrenz am Secteur ass momentan grouss. Dofir ass et enorm wichteg den Job vum Beruffspompjee attraktiv ze halen!
An dem Zesummenhang hu mir och nach emol widderholl, dass et fir eis eng Selbstverständlechkeet ass, dass de Pompjee déi Zäit an der hie sech op säin Déngscht virbereet, als Aarbechtszäit unerkannt kritt, dëst ass duerch international Urteeler confirméiert an gëtt och an anere Verwaltungen sou ëmgesat.
An de leschten Wochen hate mir gläich zwou Reuniounen bei deenen d’Gesondheet an d’Wuelbefannen vun eise Kolleegen am Mëttelpunkt steet
Eng Delegatioun hat sech mam neien Directeur médical, dem Dr. Pierrard getraff.
Haaptthema vun dëser Reunioun war de Médico.
Méi konkret hu mir gefuerdert, dass:
d’Käschten fir zousätzlech Ënnersichungen déi vum Médico gefrot ginn solle vum CGDIS iwwerholl ginn.
de Médico soll sou opgestallt ginn, dass en do ass fir de Gesondheetszoustand vun den Agenten ze kontrolléieren, a kee verstoppten Leeschtungstest soll duerstellen.
eng ganz Rei Inkoherenzen tëschent de verschiddene Statuten mussen an Ugrëff geholl ginn.
Et war een flotten an oppenen Austausch, an dem et och drëm gaangen ass wéi de Service an Zukunft kann weider opgestallt ginn, fir och den Suivi vun den Agente besser ze encadréieren.
Och hei sinn déi nächst Reuniounen scho festgeluecht a sou bal et hei konkret Resultater gëtt hale mir Iech um Lafenden.
Mir hunn eis mat dem Service Developpement RH vun der Ressource humaine getraff. Ganz kloer stoung hei de mënschlechen Volet am Mëttelpunkt vun der Entrevue.
Wou vill Léit sinn an wou vill geschafft gëtt, do sinn sozial Konflikter an Ermiddung op der Aarbechtsplaz duerchaus onvermeidlech. Mir hunn no Weeër gefrot eis Léit besser ze ënnerstëtzen an och gekuckt wou een eng konstruktiv Zesummenaarbecht kann obbauen fir dat keen am System verluer geet oder op der Streck bléift. Eis ass alleguer kloer dat den Alldag op enger Aarbechtsplaz belaaschtend kann sinn, dëst dierf awer weder kuerz- nach laangfristeg op d’Käschten vun de Leit hirer Gesondheet goen. Duerfir ass et wichteg an Zukunft preventiv virzegoen dass d’Leit op laang Siicht Freed un hirer Aarbecht hunn, well just esou kann eng gutt Qualitéit um Terrain eraus kommen. Mir waren frou iwwert déi oppen Aart a Weis an eisen Reuniounen an mir freeën eis op eng konstruktiv Zesummenaarbecht am Interêt vun allen Acteuren.
Ënnert der Leedung vum Gilbert Goergen, Vize-President vun der CGFP a President vun der FGEC zu der zënter dem leschte Joer och den SNPPL gehéiert, konnt en Accord zur Harmoniséierung vun den ënneschte Carriéren getraff ginn.
Mir sinn iwwerzeegt dovun, dass d’Leit déi an en Examen ginn och d’Recht hunn richteg heirobber preparéiert ze ginn. Duerfir fuerdere mir zanter iwwer zwee Joer, dass virum Promotiounsexamen resp. virum Ustellungsexamen en Legislatiounscours ofgehale gëtt.
Wärend fir d’Promotiounsexamen elo op eisen Drock hin emol en Informatiounsdag organiséiert gouf, huet sech beim Ustellungsexamen nach net vill gedoen, sou dass mir hei weider wäerten nohaken.
Mir géingen dann och gären dene Leit Bonne Chance wënschen déi dës Woch hir Examen schreiwen. Mir erënneren d‘Leit, dass si 16 Stonnen Congé de Préparation ze gutt hunn.
Säit der Grënnung vum CGDIS huet den SNPPL drop higewisen, dass et weider Dérogatiounen am sougenannten CGDIS-Gesetz brauch fir jidderengem am Cadre de Base e fairen Accès op d‘Carrière Ouverte ze erméiglechen. Haut schéngt et dann esou wäit, dass et mat Ausnam vun der Voie Expresse fir keen Beruffspompjee am CGDIS eng Méiglechkeet gëtt e Changement de Groupe de Traitement duerchzeféieren.
Fir eng séier Léisung fir dës an eisen Aen absurd Situatioun ze fannen sti mir momentan am Kontakt mat der Fonction Publique an eiser Direktioun.
Leider konnt bis elo nach keen eis eng zefriddestellend Äntwert ginn, dëst wäerte mir net esou einfach hinhuelen. Mir wäerten mat der Ënnerstëtzung vun der FGEC an der CGFP um Ball bleiwen fir e bësse Luucht an dës administrativ Ofgrënn ze bréngen.
Eng urgent a konsequent Upassung vun de Gesetztexter erschéngt onëmgänglech, a mir wäerten och hei eis Fuerderungen kloer zum Ausdrock bréngen, fir dass et net nach eng Kéier zu esou enger Situatioun wäert kommen.
Vill vun Iech hunn sech bestëmmt gefreet wéi si vum INFS d’Invitatioun fir d’Formation Continue dëst Joer kritt hunn, an dëser goufen eis ënner anerem Kaffi a Croissant versprach. Leider konnt den INFS an dësem Fall säi Wuert net halen, well fir déi berufflech Kolleegen keng Verpflegung vir gesinn ass. Dëst ass zwar iergerlech mee mir wäerten et wuel iwwerliewen.
Komplett inakzeptabel ass et awer wann den INFS d’Leit dozou oprifft hiert Stuermgezei an och hir Geräter an hirem privaten Auto mat ze huelen.
Eis ass et op dëser Platz och wichteg mam Mythos op ze raumen, dass beim Verbrennen vu einfachem Holz keng Schuedstoffer entstinn. Bei dësem „proppere“ Feier ginn héich kriibserreegend Stoffer fräigesat.
Mir hunn des Problematik souwuel dem INFS wéi och dem Comité Directeur duer geluecht, a si opgefuerdert hir Responsabilitéit ze huelen an duerfir ze suergen, dass keen Pompjee muss kontaminéiert Material a sengem Privatauto ronderëm féieren.
Hei steet d’Gesondheet vun dene betraffene Leit um Spill an dëst ass en absoluten NoGo.
Accord Salarial
Den 04.03.2021hunn d’CGFP an de Minister Hansen den Accord salarial ënnerschriwwen, den iwwert d’Joren 2021 an2022 leeft. Et ass e responsabelen Accord, den déi Acquisen déi mir haut hunn ofséchert an den de Fokus op d’Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune leet an esou duerfir suergt, dass och a Krisenzäiten d’Fonction Publique e sécheren an attraktive Secteur bleift.
E Punkt op de mir d’lescht Joer vill ugeschwat gi sinn ass d’Preretraite fir déi Leit déi 20 Joer Schichte schaffen, den Accord gesäit fir, dass hei dëst Joer soll eng Léisung fonnt ginn.