Een groussen MERCI !

Mir wëllen op dësem Wee Iech alleguer een ganz groussen Merci soen fir äert Vertrauen.

Dëst erlaabt eis et duerch een Comitésmember am Verwaltungsrot vertrueden ze sinn.
Mam Mike Möller si mir jiddefalls iwwerzeegt een gutt Sproochrouer am Verwaltungsrot ze hunn. Hie wäert sech hei déi nächst 6 Joer fir d’Wuel vun all Beruffspompjee asetzen.

Mir felicitéieren och dem Martin Simon. Hien wäert an Zukunft als Vertrieder fir den administrativen Beräich am Verwaltungsrot sëtzen. Mir wäerten sou séier wéi méiglech mat him a Kontakt trieden, an him eis Ënnerstëtzung versécheren.

Mir wëllen och deenen Léit Merci soen déi sech gemellt haten an Bereetschaft gewisen hunn sech fir hier Mataarbechter am CGDIS anzesëtzen. Hiren Courage an Engagement verdéngen groussen Respekt an Unerkennung.

Zu gudder Lescht gratuléiere mir dann och dem Jeff Herr, den d’Wale fir de fräiwëllege Vertrieder gewonnen huet.

Domiciliation – Cotisation 2019

Aus techneschen Grënn haten mir Schwieregkeeten bei der Domiciliatioun.
Den Problem ass geléist an mir wäerten op ärem Kont (wann dir eng Domiciliatioun uginn hat) op den 25. Oktober ofbuchen.