Generalversammlung 2022 – Christian Dimmer

Ech soen all eisen Memberen Merci fir hiert vertrauen. Speziell wëll ech iech hei bannen awer e groussen Merci soen, dass dir iech Zäit geholl hutt fir un eiser Generalversammlung den Owend deelzehuelen. Ech sinn mer sécher dass mer dono am Divers oder beim Burger nach dat engt oder anert flott Gespréich wäerten hunn. Der Gemeng Helperknapp soen mer Merci dass mer den Owend dësen flotten Sall duerfen benotzen. Nom Bob senger Begréissung ginn ech e bëssen op dat an wat mir dëst Joer sou geschafft hunn. Zanter der letzter Generalversammlung déi mer wéinst der Pandemie online ofgehale guff sinn mer lues awer sécher erëm an d’ Normalitéit zeréck komm. Ech kann iech soen ech sinn pandemidd an hoffen dass eis dat alles dësen Wanter erspuert bleift.
Am Comité haten mir eis eng Dosen mol gesinn.

Mir sinn an follgenden Aarbechtsgruppen. Dat wieren:
• den Bien être
• Den Arbëschtsoflaaf
• Medico
Des weideren sinn mir och an den Examen als Beobachter dobäi gewiescht. Daat wieren fir d’C1 d’Malvina an den Jill.

3 mol d’Joer gesinn mer eis mam Comité Directeur fir eis aus ze tauschen. Ech machen iresch en kuerzen Resumé vun Inhalt:

• Mir haten gefuerdert, dass d’mobilité intern éischter ausgeschriwwen gëtt. Sou kënnen d‘ Cheffen an hiert d‘ Personal sech besser organiséieren.

• Thema an gläich 2 Reuniounen war, dass Plazen ausgeschriwwen goufen wou et een Atout wier, eng Formatioun ze hunn déi een Professionellen net konnt maachen. Dat geet guer net an mir hunn dem Comité Directeur dat sou matgedeelt.

• SAP 3 … Zanter der Grënnung vum SNPPL war direkt eent vun den éischten Themen d‘ Valorisatioun SAP. Ëmmer rëm war d’ Thema um Ordre du Jour. D’ Arabescht vum SAP soll Wäertgeschätzt ginn! Den Dr. Stammet hat sech zu deem Punkt ëmmer zimmlech bedeckt gehal an op Etuden an Analysen verwisen. An sengem leschten CoDir huet hien d’ Kaz aus dem Sak gelooss. Ech hat 2 Nuechten gebraucht fir mech ze berouegen ier ech den Resumé schreiwen konnt. Wat ech do notéiert hat ass mer beim Tippen sauer opgestouss. Ech verschounen iech mat den Detailer. Just sou vill: Sot em Himmels wëllen ni méi “Den Patient ass schlecht”. Weider mussen d‘ Kompetenzen vum SAP 1 an 2 nei definéiert ginn. D’ Santé ass amgaang d‘ Gesetz nei ze schreiwen. Den CGDIS hätt do gär eng Platz fir den SAP. Vun engem Niveau SAP3 gëtt ëmmer manner geschwat. Mir wäerten op alle Fall alles dru setzen dass aus dem SAP secours à personne keen Service Brancardier gëtt.

• Den Infirmier Dispatcher as agestallt ginn fir an der Pandemie déi fräi Better am Spidol ze geréieren. Dëst war politesch motivéiert. Hier Missioun elo ass et den Leit um Terrain ze hëllefen, Transport médicalisé ze organiséieren an dem Samu eng anstänneg Iwwergab ze machen mat där richteger Terminologie. Mir mengen dass den Pompjee dat och kann an gesinn hei alt nach eng Devalorisatioun vun dem Beruff vum Beruffspompjee.

• Ween am CGDIS ass brauch net méi un den INAP Coursen deel ze huelen. Dat haten mir begréisst well d‘ Coursen um INAP duerch Coursen déi fir Pompjeeën relevant sinn ersat sollten ginn. Wou keng Coursen ugebueden goufen haten mir nach eemol reklaméiert. Et soll dann lo awer endlech sou weit sinn dass den INFS een Cours fir d’ Legislatioun ubidden kann.

• Fir d’B1 Carrière haten mir eis agesat, dass et endlech soll lassgoen. No engem leschten Formfeeler sinn lo déi éischt Leit endlech an der B1 ukomm.

• Fir Cis Cheffen haten mer eng besser Formatioun gefuerdert. Wann een en neien Posten kritt muss een och vun sengem Patron dorop preparéiert ginn.


• A verschiddenen CIS’en wollt an wëll den CoDir déifgräifend Ännerungen vum Alldag bestëmmen. Sou zum Beispill am Cis Findel mat der Landside oder mam CIS Rollingergrund deen sollt mat Leit aus dem CisLux besat ginn. Mir hunn hei drun appelléiert dat wann sou eppes gemaach gëtt, dat onbedéngt mat Zäiten an anstänneg kommunizéiert muss ginn.

• Am Ragtal haten mer schonn erreecht, dass den INFS eng Pool Wäsch och fir d’Teilnehmer organiséiert. Dat ass bal perfekt. D’ Leit mussen just na hier Schong hin an hier féieren. Lo ass d’ Zuel vun den Coursen massiv an d’ Lut gaang. 2022 sinn et der 85. Do stellen mir virun allem d’ Unzuel vun den Duerchgäng an Fro. Fir Teilnehmer an Instrukter. Den Site gëtt keng adequat Wäschméiglichkeet hier, dowéinst haten mir gefuerdert d’Duerchgäng op een Minimum ze reduzéieren bis den Site kapabel ass déi Unzuel vun Coursen ze stäipen déi den Moment do geplangt ginn.

• Den leschten Punkt deen mer am Comité Directeur ugeschwat haten war den Rekrutement. Mir brauchen méi Leit. Dowéinst haten mir dem Comité Directeur un d’Häerz geluecht sech méi am Rekrutement ze engagéieren.
Bei den Memberen staieren mer op déi 400 duer. Et kommen bal all Woch Leit bei. Leider hunn mer nach ëmmer wéineg Memberen beim Administrativen Personal.

D‘ nächst Joer besteet den SNPPL iwwregens 5 Joer. Dat wëllen mer och op der Generalversammlung den 10.05.23 feieren.