Generalversammlung 2022 – Bob Jungers


Ech well direkt am Ufank dovunner profitéieren e puer Wuert zu der Aarbecht vun eisem Daachverband der CGFP ze soen, bei der ech jo och d’Freed hunn am Comité Fédéral eis Interessen ze vertrieden.
Hei ginn ech ëmmer nees nom Gesetz vun der Aarbechtszäitreegelung gefrot. Nodeems en éischten Text am Juli 2020 deposéiert gouf, an dunn am Oktober 2021 vum Staatsrot verworf gouf, krut d’CGFP eng nei Textpropose am Laf vun dësem Joer, och hei sinn et eng Partie kritesch Remarke ginn, a säitdeem waarde mir op Nouvellen.

Da géing ech gären den Accord salarial vun 2020 nach emol beliichten, en Accord a Krisenzäiten de virun allem am Zeechen vun der Solidaritéit stoung. Bei dem et awer trotzdeem e zwee Punkte ginn, déi grad fir eis vu grousser Wichtegkeet sinn.
Dëst wieren d’Harmoniséierung vun de Carrière inférieures déi et am CGDIS wäert méi einfach maachen zum Beispill pàrpen ze berechnen, an déi eis Leit quasi als Kiischt um Kuch nach 9 Punkten am leschten Echelon weider kréien.
De Gesetztext fir de Staat ass hei deposéiert a mir hunn och schonn eis Observatiounen era ginn, notamment wat d’Visibilitéit vun de Pompjeeën am Text ugeet, d’Sécherstellen, dass Primmen déi haut ausbezuelt ginn net ewechfalen, an Mesuren fir déi Leit déi an d’Pensioun ginn ier den Text gestëmmt ass.

E weidere wichtege Punkt ass d‘Préretraite mat 57 fir déi Leit déi 20 Joer Schicht geschafft hunn. Och hei woren Verbesserungen um Text noutwenneg, mir sinn awer zouversiichtlech, dass dësen Text deemnächst wäert op den Instanzewee goen.
Iwwert d’Tripartite ass an de Medien déi lescht Deeg esouvill geschwat ginn, dass lo net méi weider drop aginn. Firwat hu mir am Comité fédéral dësem Accord zougestëmmt.
Et ass en Accord den et erméiglecht séier ze handelen, de Leit eng gewësse Sécherheet iwwert de Wanter ze ginn, an den e kloert Bekenntnis zum Index ass.

Lo awer zréck bei de CGDIS an eisen deeglechen Business.
Am Laf vum Joer hat de CGDIS direkt e puer Geleeënheeten sech no baussen ze presentéieren dëst beim Ëmzuch oder d’Mise en Service vum CNIS genau sou wéi wärend der WRC oder de Journée Nationale de la Sécurité Civile.
Hei gouf ganz nom Motto Show and Shine fläisseg un der Image de Marque no bausse geschafft, an et kann e soen Mission accomplie hei ass geglänzt ginn.
An wann ech dat esou soen ass et absolut net sarkastesch gemengt well mir wëssen wéi vill vun eise Kolleege eng enorm Aarbecht geleescht hunn fir dës Evenementer ze erméiglechen. Mier géingen awer lo gären déi Saache beliichten déi normalerweis medial thematiséiert.
Ech hunn jo zënter dem leschten September dann och déi grouss Chance als Pompjee am CNIS ze schaffen, säitdeem ginn ech ëmmer nees drop ugeschwat wat mir awer elo en Mega-Site mat super Méiglechkeeten hätten, an ëmmer neess Kolleeginnen a Kolleegen sinn d’Leit iwwerrascht wann ech hinnen da muss äntweren, dass mir op d’Zone2 nëmmen e ganz beschränkten Accès hunn. Minimum 6 Wochen am Viraus muss en sech umellen fir hei dierfen eng Leeder op ze riichten, Geforenanalysen a Sécherheetskonzepter schreiwen, an zum Schluss nach d’Leit ënnerschreiwe loossen, dass en hinnen erkläert huet, dass si musse beim Zebrastrëch eriwwer goen. Duerno muss en just nach hoffen, dass keen Asaatz derzwëschen kënnt, soss kann een nees vir ufänken.
Wann een dann héiert, dass et aner Plaatze ginn wou Leit op hirer Aarbëchtsplaatz kriibserreegende Stoffen ausgesat sinn, an dëst ouni d’Méiglechkeet ze duschen, sech mat propperem Waasser d’Hänn ze wäschen oder an engem propperen Ëmfeld ze iessen, kéint e jo mengen, dass een et nach gutt huet beim CGDIS, mee Kolleeginnen a Kolleegen dir hutt et längst erroden de beschriwwene Site leeft ënnert dem selwechte Patron a befënnt sech vun der Zone2 Loftlinn manner wéi 40km ewech, et geet natierlech ëm de RAGTAL.
Wärend mir eis och bewosst sinn, dass et momentan hei am Land keng Alternativen zu dësem Site ginn an de Christian Iech jo beschriwwen huet wéi eng Verbesserungen mir fir den Participant duerchkruten, fuerdere mir am Sënn vun der Gesondheet vun den Instrukteren d’Zuel vun den Duerchgäng op dësem Site ze reduzéieren, fräi nom Motto souvill wéi néideg, sou wéineg wéi méiglech.

Am Kader vun der WRC krut de CGDIS och en elektreschen RTW fir ze testen, och dëst ass mediewierksam presentéiert ginn, an et huet een sech als modern, innovativ an technikaffin Verwaltung verkaf an deem de positive Feedback ënnerstrach gouf.
Wat net gesot ginn ass, ass dass déi Elementer déi am meeschte Begeeschterung bei de Betraffenen ausgeléist hunn, näischt mam Undriww ze dinn haten, mee domadder, dass dës Ambulanz e Brancard voll automatesch eran an erausfiert an soumat eng real Entlaaschtung fir dem Pompjee säi Réck liwwert.
Dës Technologie ass net fuschnei a gouf vum Terrain schonn viru Joren gefuerdert, och hei gouf an de Reportagen net vill driwwer geschwat.
Mir hunn d’Impressioun, dass leider vill emol séier eppes realiséiert gëtt fir eppes ze hunn a gutt do ze stoen, an dass leider vill ze seelen en do ass den sech Gedanken iwwert d’Detailer oder d’Auswierkungen op aner Beräicher mécht.

E gutt oder schlecht Beispill heivir sinn, déi sougenannten Rea-Fichen, hei kruten den CA e Reglement zur Ofstëmmung an dem et keng eenzeg Emsetzungsbestëmmung gëtt, an déi keen eenzege Protektiounsmechanismus fir den Eenzelen Agent opweist.
Et schéngt eng logesch Suite, dass mir eis entrëschten a soen, dass den Text an dëser Form net applicabel ass, et ass awer fir et léif aus ze drécken iwweraschend wa mir dann als Äntwert kréien, dass d’Direktioun souwisou net wëlles hätt et ze applizéieren.
Wann déi Leit déi d’Reegele schreiwen schonn ukënnegen sech net drun ze halen, wat soll een dozou soen……… Mir wäerten hei op alle Fall nach nohaken, a wann e vun Iech heimadder Problemer kritt mellt Iech bei eis.

Deen Dossier den eis momentan a warscheinlech och iwwert déi nächst Joren den akute Personalmangel, an d’Fro wéi kënne mer nei Leit rekrutéieren.
Och hei steet et net an der Zeitung wann ëmmer méi Zentercheffen, musse feststellen, dass si hire POJ net kënnen halen, oder wann a fir Lëtzebuerger Verhältnisser grousse Stied nuets oder Weekends schonn bei engem Poubellesbrand mussen Pompjeeën aus dem Nopeschduerf kommen.
Aus de Gespréicher déi ech mat sou munchem Kolleeg gefouert hunn héiert een eraus, dass den Direkter vun der DCO op mannst ugespaant op esou Feststellungen reagéiert, an et schéngt eng Standartäentwert ze ginn, da bann méi Fräiwëlleger an. Wéi wann en sech des Leit aus dem Steen kéint schloen.
Och fir d’Volontariat gëtt et ëmmer méi schwiereg, souwuel déi steigend Ufuerderungen an der Aarbechtswelt wéi awer och duerch déi ëmmer méi héich Erwaardunge vum CGDIS.
An et muss en grousse Respekt hunn, dass iwwerhaapt nach sou vill Leit de Spagat hi kréien.
Dëse Chantier musse mir awer anere Leit iwwerloossen, well wéi der sou héiert hu mir scho masseg Aarbecht wann et em de professionelle Staff geet.
Well mir vun haut op muer awer tatsächlech och keen kënnen erbäizauberen wier et hei wichteg déi Leit déi do sinn gutt ze geréieren, an hei gehéiert et sou gutt derzou d’Aarbechtsbelaaschtung an engem erträgleche Mooss ze halen an dem e probéiert z.B. sou mann wéi méiglech Krankentransporter ze fueren, wéi och dass een z.B. Stagiairen do wou et geet a mam Ausbildungsstand kompatibel ass sou asetzt, dass si als Ënnerstëtzung fir de bestoende Staff genotzt kënne ginn.
Ech wor nawell iwwerrascht wéi de Generaldirekter sot, dass mir beim Rekrutement 2022 eis Ziler erreecht hätten.
Ech gesinn hei, dass mir zwee mol 60 Plaatzen ausgeschriwwen hunn, an der emol 40 an emol wéi et ausgesäit ënner 20 fonnt hunn. Ech gesinn och, dass déi 20 nach net ugefaangen hunn, an dass am Februar 2024 net 60 Leit um Terrain ukommen mee just 40.
Fir hei ze soen mir hätten eis Ziler erreecht zeugt vun erschreckendem Optimismus.
Et muss een awer heivunner zimmlech iwwerzeegt sinn, well grouss Campagne sicht ee vergebens.
An aneren Verwaltungen schéngt en hei s Stéck méi wäit:
sou sinn op d’Policeautoen zënter enger Partie Joren Recrutementslogan ofgedréckt, op eise Ween fënnt e Reklammen fir d‘WRC.
Wien RTL.lu opmécht begéint hei reegelméisseg engem Recrutements-Video, awer och net vum CGDIS mee fir d’Agents pénitentiaires.
Als kleng Randbemierkung sief erlaabt, dass hei real Agenten a méi oder wéineger realen Aarbechtskonditiounen gefilmt ginn, a keng héichdramatesch Geschicht vum Steve erzielt gëtt, den zwar dofir gemaach ass, den awer kee Mënsch kennt.
Insgesamt schéngt en hei net vill Vertrauen a seng Beruffspompjeeën ze hunn, well wann emol en zwësch e Stand fir de Recrutement opgebaut ass begéint een hei just Leit aus der RH, wou mir der Meenung sinn, dass si den Alldag vum Beruffspompjee och doduerch net besser beschreiwe kënnen, dass si hir fräiwëlleg Uniform undinn.
Och schéngt et evident, dass méi favorabel Karrièresperspektiven an anere Verwaltungen et fir eis méi schwiereg maachen.

Heiwéinst fuerdere mir iwwregens scho säit der Grënnung vum CGDIS eng Unhiewung vum Cadre Moyen op wéinstens25% aus zwou Ursaachen:
Éischtens fir méi favorabel Karrièresperspektiven ze bidden an zweetens fir en besseren Encadrement duerch déi erfuere Kolleegen um Terrain ze erméiglechen
Kolleeginnen a Kolleegen ech hunn emol geléiert, dass een ëmmer mat eppes positiven ophale soll, a sou beliichte mir dann nach emol e Service den nach net esou bekannt ass, mee den awer eng wichteg Aarbecht an eisem Sënn mécht, den Developpement RH, hei hu mir ënnert dem Impuls vum Jill eng ganz flott Zesummenaarbecht gestart, iwwert déi dir och an eisem Newsletter wäert deemnächst héieren.


Bob Jungers