Wat ass geschitt:
Am Accord salarial vum Dezember 2022 sinn sech déi deemoleg Regierung an d’CGFP eens ginn de Bewäertungssystem an der ganzer Fonction Publique of ze schafen.
Duerno huet déi deemoleg Regierung, dunn e Gesetztext op de Wee bruecht, fir ënnert engem aneren Numm erëm e Bewäertungssystem bei der Arméi an ze féieren. Als Argument heivir gëtt ëmmer nees d’Spezifizitéit vun der Arméi opgefouert.
Dëst kënne weder eng CGFP nach mir als SNPPL ziele loossen, well nieft enger Arméi och de CGDIS, grad wéi d’Police a sëllegen aner Administratioune ganz „spezifesch” sinn.
Firwat protestéiere mir elo:
Leider si sämtlech Léisungsvirschléi säitens der CGFP bei der Regierung op Daf Ouere gestouss.
Och konnte weder eng Mediatioun nach eng Conciliatioun am Kader vun engem Litige fonnt ginn.
Also bleift eis soss näischt wéi op Konfrontatioun ze goen a souwuel juristesch wéi gewerkschaftlech Mesuren zehuelen.
Geet et also just em d’Bewäertung bei derArméi?
Nee, de lëtzebuerger Modell berout dorops,dass d’Sozialpartner mateneen Accorden aushandelen, an dës duerno och ëmsetzen.
Dëse Model ass bei eis am Land zanterlaange Joren de Garant fir de soziale Fridden, wa lo eenzel Partner ufänken sech net méi un dat ze hale wat festgehale gouf, steet d’Vertrauen an dëse Modell um Spill.
Sinn och mir heivu betraff?
Jo, souwéi mir als Etablissement Publique ëmmer vun deenen Acquise profitéieren déi d’CGFP an all Accord salarial aushandelt, waarde mir och nach op eng ganz Rëtsch Mesuren déi bis elo“nëmmen“ an dësen Accorde festgehal si wéi z.B.:

Eenheetlech Reegelung iwwert den Teletravail  
Accord salarial vum 4. Mäerz 2021

Gesetziwwert d’Aarbechtszäitreegelung  mat 5 supplementären Congésdeeg fir déi Leit déi Schichte schaffen.  
Accord vum 21. Januar 2020

Preretraite mat 57 fir déi Leit déi no 1999 ugefaangen hunn an 20 Joer Schicht geschafft hunn.
Accord salarial vum 4.Mäerz 2021

Harmonisatiounvun de Carrière Inférieures retroaktiv op den.Juli 2022
Accord salarial vum 04. Mäerz 2021
En Accord den ausgehandelt ass muss agehale ginn!Duerfir wäert den SNPPL e Méinde fest hannert der CGFP stoen, a mir appelléieren un all eenzelen eis heibäi ze ënnerstëtzen.