Feiermelder 2022/03

Kuerz virun der Summervakanz hu mir eis fir e reegelméissegen Austausch mat dem Comité Directeur gesinn den Ordre du Jour wor nawell gutt gefëllt, hei géinge mir gären verschidde Punkten méi genee beliichten.

Eng vun eisen Haaptsuergen ass am Moment de Recrutement, och mat méi engem einfache Sportstest konnt een hei kee grousse Succès verbuchen, an d’Konkurrenz am Secteur ass momentan grouss.
Dofir ass et enorm wichteg den Job vum Beruffspompjee attraktiv ze halen!

An dem Zesummenhang hu mir och nach emol widderholl, dass et fir eis eng Selbstverständlechkeet ass, dass de Pompjee déi Zäit an der hie sech op säin Déngscht virbereet, als Aarbechtszäit unerkannt kritt, dëst ass duerch international Urteeler confirméiert an gëtt och an anere Verwaltungen sou ëmgesat.

Nodeems mir schonn am Mäerz wéinst den «Postes à Responsabilité Particulière» intervenéiert haten hu mir hei nach emol nogehaakt, a mir wäerten eis hei am Laf vum August mat de Vertrieder vun der RH gesinn fir dëst Thema definitiv un ze goen.

Och wat d’Verdeelen vun de B1-Platzen ugeet, solle mir hei schwätzen. Hei hu mir nach emol betount, dass et wichteg ass an Zukunft méi Ënneroffizéier direkt um Terrain ze hunn.

Mir hunn dann och nach emol betount, dass den Text iwwert déi sougenannten REA-Fichen fir eis net applicabel ass, dëst engersäits well heiranner weder déi néideg Ausféierungsbestëmmungen, nach déi sëllegen Derogatiounen virgesinn sinn.

Op der anerer Säit ass et an eisen Aen och problematesch, dass en déi fräiwëlleg geleeschten Stonnen berufflech ugerechent kritt, hei ginn d’Grenzen tëschent Fräizäit an Aarbechtszäit komplett verwëscht.
Hei krute mir erkläert, dass dëst Joer keen säin Emploi soll verléieren, an dass ganz kloer am Text géing stoen, dass all Beruffspompjee misst déi Stonnen fräigestallt ginn déi hie brauch fir seng Emploien ze halen.

Mir wäerten d’Entwécklung weider am An halen, a selbstverständlech Iech ënnerstëtzen falls et hei sollt zu Problemer kommen.